Wat ass SPIP?

E Publikatiouns-System fir den Internet

SPIP, e Publikatiouns-System

SPIP ass e Publikatiouns-System [1] fir den Internet. Wat ass dat? Et sinn eng Partie Fichier’en, bei ärem Provider installéiert, déi Iech eng Rei Automatisme ginn: zu e puer en Internet-Site betreien, är Artikele publizéieren ouni HTML ze kënnen, d’Struktur vun ärem Site einfach änneren... Mat dem selwechte Browser wéi der äre Site kuckt (Netscape, Microsoft Explorer, Mozilla, Opera...), erlaabt SPIP äre Site ze maachen, ze änneren, alles mat engem ganz einfachen Interface.

Et ginn och aner Publikatiouns-Systemer; jiddereen huet seng Eegenheten. Ee vun de bekannsten ass phpNuke; hie verlaangt eng zimlech steif Struktur vun ärem Site, ënner der Form vun engem Portal mat kuerzen Artikelen. SPIP ass méi flexibel an orientéiert sech un engem Magazin, mat Rubriken, Ënner-Rubriken (asw), an deenen et Artikelen a Kuerzmeldungen gëtt, eventuell mat Diskussiouns-Forum’en.

Firwaat SPIP?

SPIP ass eng fräi Software déi ënner [GPL-Lizenz] verdeelt gëtt. Aner Softwaren a Computer-Fonktiounen déi néideg sinn hale sech a Grenzen déi een och bei Gratis-Provideren fënnt: fir et kuerz ze maachen, dir braucht PHP a MySQL.

SPIP gëtt op dësem Site gratis verdeelt.

De Viirdeel vu SPIP ass...

-  E Website als Magazin opbauen, d.h. zum gréissten Deel Artikelen a Kuerzmeldungen déi an enger Struktur mat verschiddene Niveau’en sinn. Kuckt déi komplett Lëscht mat alle Characteristiken vu SPIP fir méi Detailer.

-  Dräi Aufgabe komplett trennen an eventuell u verschidde Leit verdeelen: de graphëschen Layout, d’Redaktioun vun Artikelen a Kuerzmeldungen, an d’Chefredaktioun vum Site (Organisatioun vun de Rubriken, Validatioun vun de proposéierten Artikelen...).

-  De Webmaster an aner Mataarbechter vun engem Deel oninteressanten Aufgabe vun der Publikatioun um Internet befreien, an ouni zevill komplizéiert technesch Kenntnisser. D’Installatioun vu SPIP gëtt mat engem einfachen Interface Schrëtt fir Schrëtt gemaach, an duerno kënnt dir ufänken är Rubriken an Artikelen ze publizéieren.

SPIP huet folgend Charakteristiken...

Fir d’Redakteren an d’Administrateuren (Chefredakteren)

-  En intuitive Web-Interface erlaabt et ganz einfach Artikelen a Kuerzmeldungen ze proposéieren, an déi editorial Gestioun vum Site ze maachen. Typographesch Ofkierzungen erlaben de Format vun engem Text ze änneren ouni HTML ze kennen, et ka jiddereen matschaffen, et ass net méi schwéier wéi en E-Mail schreiwen.

Fir de Webmaster

-  De Layout an d’Navigatioun sinn a sougenannten HTML-Skeletter [2] definéiert, jidderee mat enger anerer "Vue": eng Vue fir d’Homepage, eng aner fir eng Rubrik an de Résumé vum Inhalt, eng drëtt fir den Detail vun engem Artikel, eng véiert fir den Detail vun enger Kuerzmeldung. D’Method wéi de redaktionnellen Inhalt op der Säit agebonne gëtt, ass duerch eng Rei vun "Pseudo-HTML-Tag’en" déi einfach ze verstoe sinn, definéiert.

-  SPIP huet keng Aschränkung wat d’Grafik oder d’Navigatioun ugeet. D’Skeletter gi komplett vum Webmaster definéiert, et ass méiglech Deeler mat SPIP an aner Deeler manuell ze géréieren, oder souguer mat anere Publikatiouns-Systemer (wann déi och esou tolerant wéi SPIP sinn).

Fir d’Visiteuren vum Site

-  E Cache mécht den ëffentlechen Deel méi séier, eng grouss Zuel vun Ufroen un d’Datebank ginn ofgefaangen. Doduerch gëtt och verhënnert dat de Site doud ass wann emol géing eng Datebank ofstierzen (kënnt mol fir wann e Serveur zevill "gelueden" gëtt): an deem Fall bleift äre Website online, och wa während där Zäit keng Ännerungen (och net an de Forum’en) kënne gemaach ginn.

-  En integréierte Sich-Motor erlaabt Recherchen um kompletten ëffentlechen Deel vum Site

Dat wat manner gudd ass...

E bësschen Aarbecht ass néideg fir dat de Webmaster léiert wéi den Default-Layout ka geännert ginn. Am Géigesaz vu phpNuke kënnt dir selwer d’Faarwen an de Logo änneren andeem der op e Knäppchen dréckt (awer méi nett), de Webmaster muss e bëssche pseudo-HTML léiere fir dat hien alles maache kann sou wéi hien et wëllt.

SPIP gëtt mat engem kompletten Navigatiouns-Interface geliwwert; soubal der ugefaangen hutt Inhalt an de System derbäi ze setzen, kënnt der dat direkt gesinn an den Default-Layout upassen. De Webmaster kann natierlech och säin eegenen Interface vun Null un opbauen, wann hie wëllt.

An Zukunft ass geplangt, SPIP mat e puer Presentatiounen (Layout’en) ze liwweren, déi der Majoritéit vun de Webmasteren erlaabt Deeler dovun direkt ze gebrauchen an den Effort vun der Personnalisatioun ze minimiséieren.

Beispiller

Dat historescht Beispill vu SPIP ass de Webzine uZine2 (aus dem Code vun deem Site ass SPIP entstanen). Aner Siten ënner SPIP sinn z.B. Le Monde diplomatique an Vacarme.

Fir weider ze fueren...

Fir weider ze fueren a mat SPIP unzefänken, wier et gudd wann der d’Dokumentatioun, d’Beispiller an déi "Éischt Schrëtt" aus dëser Rubrik géingt kucken. Diskussiouns-Lëschten ginn et och, fir är Froen an Tricken déi der fonnt hutt. Bis geschwënn!

Notten

[1oder och nach CMS genannt: Content Management System

[2och nach Templates genannt

Auteur jwander Publié le : Mis à jour : 05/10/22

Traductions : عربي, asturianu, български, brezhoneg, català, corsu, Kréol réyoné, Deutsch, English, Esperanto, Español, فارسى, français, galego, italiano, 日本語, Lëtzebuergesch, Nederlands, òc lengadocian, polski, Português, română, русский, slovenčina, Türkçe, українська