Benotzungs-Konditiounen

Erklärung vun der Lizenz

SPIP ass eng fräi Software déi ënner GPL-Lizenz verdeelt gëtt. Dës Lizenz garantéiert déi hei Fräiheeten:

-  d’Fräiheet SPIP ze installéieren a fir egal wat ze benotzen;
-  d’Fräiheet de Fonctionnement vu SPIP ze analyséieren an un är Exigenzen unzepassen an deem dat Dier de Source-Code ännert, deen der souwisou hutt wëll SPIP ass komplett am PHP programméiert;
-  d’Fräiheet Kopien u ween der wëllt ze verdeelen, sou laang wéi der d’Lizenz net ännert oder läscht;
-  d’Fräiheet SPIP ze verbesseren an är Ännerungen ze verdeelen, fir dat déi ganz Communautéit dovu profitéiere kann, sou laang wéi der d’Lizenz net ännert oder läscht.

Et däerf een net "Fräi Software" an "Public Domain Software" verwiesselen. De Virdeel vun der GPL-Lizenz (fräi Software-Lizenz) ass d’Garantie dat keen d’Software ka konfiskéieren, am Géigesaz vum Public Domain, de kann an eng propriétaire Software geännert ginn. Dir hutt dës Fräiheete wann der d’GPL-Lizenz respektéiert; dat heescht wann der SPIP weider verdeelt oder ännert kënnt dir kéng aner Lizenz dru bannen (z.B. eng Lizenz déi géng verbidden de Source-Code ze änneren oder d’Ännerungen ze verdeelen).

Praktesch Bemierkungen

An deem dat SPIP gratis vun sengen Auteuren verdeelt gëtt, kënne si kéng Garantie iwwerhuelen, egal wéi dir SPIP benotzt.

Dir kënnt SPIP fir all Aktivitéite benotzen (perséinlech , professionell oder kommerziell). Dir sidd fräi Iech är Servicer bezuelen ze loossen, an eventuell eng Garantie fir äre Service ze bidden; awer nach eng Kéier, äre Kontrakt däerf net mat der SPIP-Lizenz a Konflikt trieden (z.B. kënnt Dier ärem Client net verbidden d’Software ze änneren).

Den engleschen Text vun der GPL-Lizenz gëtt mat SPIP ausgeliwwert, et kann een en och op all Säit vum privaten Deel ënnen op der Säit uklicken.

SPIP, Système de Publication pour l’Internet
Copyright © 2001-2004, Arnaud Martin, Antoine Pitrou et Philippe Rivière pour le Minirézo.

Ce programme est un logiciel libre ; vous pouvez le redistribuer et/ou le modifier conformément aux dispositions de la Licence Publique Générale GNU, telle que publiée par la Free Software Foundation ; version 2 de la licence, ou encore (à votre choix) toute version ultérieure.

Ce programme est distribué dans l’espoir qu’il sera utile, mais SANS AUCUNE GARANTIE ; sans même la garantie implicite de COMMERCIALISATION ou D’ADAPTATION A UN OBJET PARTICULIER. Pour plus de détails, voir la Licence Publique Générale GNU .

Un exemplaire de la Licence Publique Générale GNU doit être fourni avec ce programme ; si ce n’est pas le cas, écrivez à la Free Software Foundation Inc., 675 Mass Ave, Cambridge, MA 02139, Etats-Unis.

Auteur jwander Publié le : Mis à jour : 26/10/12

Traductions : عربي, català, corsu, Kréol réyoné, Deutsch, English, Esperanto, Español, فارسى, français, italiano, Lëtzebuergesch, Nederlands, òc lengadocian, polski, Português do Brasil, Türkçe