SPIP installéieren

install0/D’Rechter astellen

Fir d’éischt: D’Rechter astellen

Wann dir z.B. mat FTP d’Fichier’en vu SPIP op äre Server sätzt, da sinn verschidden Dossier’en nët richteg konfiguréiert: dir musst also mat ärer FTP-Software dës Astellungen änneren.

Dir musst d’Rechter op folgend Dossier’en astellen:
-  /CACHE
-  /IMG
-  /ecrire
-  /ecrire/data

D’FTP-Softwaren ("Client’en") sinn all verschidden, awer d’Prozedur ass ëmmer déi hei:

-  Wielt den Dossier deem seng Rechter dër wëllt änneren;

-  Fannt an ärem FTP-Client eng Fonktioun "Rechter änneren (change / modify access rights)";

-  Wann dës Fonktioun graphësch duergestallt gëtt, da setzt en Häckchen bei "Write" fir "Group" a "Public":

-  Wann dës Ännerung am Text-Modus gemaach gëtt, da stellt d’Rechter op "777".

Wann dër d’Rechter fir all d’Dossier’en agestallt hutt, lued d’Säit nach eng kéier nei fir dat d’Installatiouns-Prozedur automatësch weider ka goën.

install1/Är MySQL-Verbindung

Är MySQL-Verbindung

An dësem Schrëtt gi mer d’Informatiounen fir d’Verbindung tëschent SPIP an dem MySQL-Server.

-  Adress vun der Datebank: je no Provider ass dat einfach "localhost", oder d’Adress vun ärem Site ("www.site.lu").

-  De Login: oft ass et deen selwechten Login wéi deen der benotzt fir är Fichier’en mat FTP eropzelueden.

-  D’Passwuert: oft ass et dat selwecht Passwuert wéi dat der benotzt fir Zougang iwert FTP mat ärem Site ze kréien.

-  Dës Informatiounen kënnt dër nët erfannen: wann dir se nët wësst, dann huet ären Provider Iech se nët matgedeelt. Also, ouni dës Informatiounen kënnt dër nët weiderfueren.

-  Dës Informatiounen kritt der vun ärem Provider deen ären Site hébergéiert: dir musst hien kontaktéieren (froot nët d’SPIP-Développeur’en, mir kännen déi Informatiounen nët!). Bei verschiddenen Provideren fannt dër d’Informatiounen an enger Online-Hëllef.

-  Oft musst een och froën dat de Provider den Zougang op MySQL aschalt, oder dir musst sëlwer eng extra Prozedur maachen fir anzeschalten. Vill Provideren déi eng MySQL-Datebank annoncéieren schalten déi awer nët par défaut an wann dir äre Site opmaacht; eng speziell Démarche vun ärer Säit (nodeem äre Compte vum Provider opgemaach gouf) ass néideg. An deem Fall kuckt an ärem Provider senger Dokumentatioun fir ze wëssen wéi är MySQL-Verbindung kann ageschalt ginn (och do kann d’Équipe vu SPIP Iech nët hëllefen).

install2/Wiel vun ärer Datebank

Wiel vun der Datebank

-  Dir musst de Numm vun der Datebank ugin, déi Iech vun ärem Provider zougewisen gouf. Dës Informatioun kritt dër vun ärem Provider: wann dir se nët hutt, frot hien oder kuckt an der Online-Dokumentatioun vun ärem Provider (kee Wärt d’Équipe vun SPIP ze froën, mir kennen dës Informatiounen nët).

-  Oft ass dës Informatioun sëlwecht wéi de Login vun ärem Compte (deen der benotzt fir mat FTP op ären Site zouzegräifen).

-  Éischt Méiglëchkeet (kënnt oft vir): dir gesitt eng Lëscht (heiansdo eng laang Lëscht, dat hängt vun der Konfiguratioun vun ärem Provider of). Bei all deene Nimm ass een eenzegen derbäi deen ären ass. Ët geet duer deen unzewielen an ze validéieren fir bei de nächste Schrëtt weider ze kommen.

-  Zweet Méiglechkeet: een eenzegen Numm, deen vun ärem Compte, gët gewisen (äre Provider huet ët esou ageriicht dat nëmmen äre Numm gewisen gët). Einfach uwielen a validéieren.

-  Drëtt Méiglechkeet (normalerweis bei engem professionellen Site oder wann dier ganz heich Rechter hutt): dir kënnt är Datebank sëlwer derbäi ginn. An deem Fall (nodeem dër kontrolléiert hutt dat ët deen Numm nach nët an der Lëscht gëtt), gidd de Numm un deen dier fir är Datebank gewielt hutt (No "Nei Datebank derbäi ginn").

-  Läscht Méiglechkeet (geet nët): äre Compte ass nët an der Lëscht an dir kënnt keng Datebank derbäi ginn. Dat ass zimlech rare: dat heescht dat äre Provider fir Iech en Zougang op den Datebank-Server gemaach huet, awer vergiess huet äre Compte opzemaachen. An deem Fall musst dër hien kontaktéieren.

install5/Perséinlëch Informatiounen

Perséinlech Informatiounen

Dëse Schrëtt ass einfach, awer dir musst oppassen. Hei gin är Zougangs-Rechter fir ären eegenen Site agestallt! Wann dir dat ze séier maacht, riskéiert dër Iech duerno nët méi kennen unzemelden...

Wann äre Site installéiert ass, hutt dir nach ëmmer d’Méiglëchkeet dës Informatiounen ze änneren.

-  Är öffentlëch Identitéit: déi gesäit een als är Ënnerschrëft bei den Artikelen.

-  Är Zougangs-Indentifikatioun: dat sin d’Informatiounen déi der sëlwer wielt fir Iech an ärem System unzemelden. Ët muss nët sëlwecht sinn wéi d’Informatiounen vun ärem FTP-Zougang. Mir recommendéieren Iech nët déi sëlwecht Informatiounen fir ären SPIP-Zougang an ären FTP-Zougang (vum Provider festgeluegt) ze huelen.

ftp_auth/Umeldung per FTP

Umeldung per FTP

Verschidden Fonktionnalitéiten vu SPIP hun een direkten Afloss op d’Struktur an den Inhalt vun ärer Datebank (besonnesch Backup a Restauratioun vun der Datebank...). Fir dës besonnësch sensibel Funktiounen ass nach eng Umeldung per FTP nogeschalt, fir dass nëmmen déi puer Leit mat FTP-Zougang dat kënne maachen (normalerweis, wann e Site e puer Administrateuren huet, ass den FTP-Zougang just dem Webmaster reservéiert).

Fir des Fonktioun musst der gläichzäiteg:

erreur_mysql/Problem mam Skelett?

Problem mam Skelett?

Wa SPIP e Kommunikatiouns-Problem mat der Datebank kritt, weist en en Écran mat dem Query dee nët fonktionnéiert huet, souwéi eng Fehlermeldung vun der Datebank (roud).

De Problem ka kommen vun:
-  engem Fehler an engem Skelett, wann dir grad äre Site ännert;
-  eng Pann vun der Datebank.

Z.B. eng Meldung vum Typ
> Unknown column 'articles.chapi' in 'where clause'
weist dat eng Schläif e Selektiouns-Filter (chapi) benotzt deen nët virgesin ass.

Oder eng Meldung vum Typ
> Can't open file: 'spip_articles.MYD'
weist en zolitten Problem mat der Datebank sëlwer: kontaktéiert äre Provider fir dat hien d’Installatioun vun der Datebank kontrolléiert oder d’Datebank fléckt. Wann dir eng rezent Versioun vun MySQL benotzt (vun 3.23.14 un), da kënnt dir och sëlwer eng automatësch Reparatur probéieren.

D’Artikelen

raccourcis/D’typographësch Ofkiirzungen

Fir d’Mise-en-page ze vereinfachen proposéiert SPIP eng Rei vun Ofkiirzungen fir:
-  fir déi déi keen HTML kënnen;
-  d’automatesch Mise-en-page ze erméiglechen.

Dir kënnt natiirlech weider HTML-Code an ären Dokumenter benotzen, awer mir roden Iech dës (puer) Ofkiirzungen ze huelen, déi vill méi einfach ze verhalen sin an dem System erlaben verschidden Operatiounen ze automatiséieren.

 

Déi einfach typographesch Ofkiirzungen vun SPIP

Fir d’éischt présentéieren mir hei dei einfachst a wichtegst Ofkiirzungen. Fir déi Benotzer déi d’Mise-en-page nach méi kontrolléieren wëllen, weisen mir dan e puer méi komplex Ofkiirzungen.

N.B. Déi einfach Ofkiirzungen decken de gréissten Deel vun deem wat e brauch an erlaben online ze publizéieren esou einfach wéi wann e gëng en Email schreiwen.

-  Automatësch franzéisch Typographie

SPIP respektéiert automatësch déi wichtegst franzéisch Typographie-Regelen - sou ginn z.B. onbriechbar Leerzeechen firun ":", ";", "!", "?" agefügt -, an onbriechbar Leerzeechen gin och mat den « franzéischen Anführungszeechen » verbonnen.

(Remark: dës Fonktioun ass nëmmen ageschalt wann d’Haapt-Sprooch vum Site franzéisch ass.)

-  Abschnitter maachen

Fir Abschnitter derbäi ze ginn, brauch dier nëmmen eng eidel Zeil ze loossen, sou wéi dier och géngt Abschnitter an engem Email trennen (et gëtt eng Zeil fräi gelooss).

Einfach an eng nei Zeil ("Enter" drëcken) ouni d’Abschnitter mat enger eideler Zeil ze trennen geet nët duer (do entsteht keng nei Zeil).

Dir kënnt e puer eidel Zeilen loossen, dat ännert näischt un der Présentatioun.

-  Lëschten maachen

Lëschten gin am SPIP sëlwecht wéi an engem Email derbäi ginn: et geet duer an eng nei Zeil ze goen an déi mat engem Bindestrich unzefänken ("-").

Remark: hei geet een einfachen "Enter" duer (dier kënnt also eng Lëscht an engem Abschnitt maachen); wann dier awer eng eidel Zeil virun der Zeil mam Bindestrich loosst, da gët och eng eidel Zeil virun der Lëscht ugewisen.

Z.B.,

- Qu'est-ce que cela peut faire que je lutte pour la mauvaise cause puisque je suis de bonne foi?
- Et qu'est-ce que ça peut faire que je sois de mauvaise foi puisque c'est pour la bonne cause. (Jacques Prévert)

gët esou ugewisen:


-  Qu’est-ce que cela peut faire que je lutte pour la mauvaise cause puisque je suis de bonne foi?
-  Et qu’est-ce que ça peut faire que je sois de mauvaise foi puisque c’est pour la bonne cause. (Jacques Prévert)

méi Informatioun iwert d’Lëschten

-  Fett a kursiv

Text gëtt kursiv wann dier en tëschent einfach Accoladen setzt: "...Text {hei kursiv} hei nët...".

Text gëtt fett wann dier en tëschent duebel Accoladen setzt: "...Text {{hei fett}} hei nët...".

-  Ënnertitelen

Ënnertitelen sinn Titelen innerhalb vun engem Text fir besser ze strukturéieren. Am SPIP ginn se einfach tëschent dräifach Accoladen gesaat: "{{{Titel vun engem Deel}}}" weist de Saatz:

Titel vun engem Deel

-  Horizontalen Strich

En horizontalen Strich op dër ganzer Breet vum Text ass einfach: ët geet duer eng Zeil mat ob manst véier Bindestricher ze maachen, esou:

----

dat gëtt:



-  D’Linken

E Link gët mat dësem Code gemaach:

SPIP ass eng Initiative vum [minirézo->http://www.minirezo.net/].

Dat gëtt:

SPIP ass eng Initiative vum minirézo.

(Fir ze verhaalen: de Bindestrich mat dem Zeechen "méi grouss" gesäit aus wéi e Pfeil deen weist dass den Text (virum Pfeil) op eng Adress "weist".)

D’Adress kann eng absolutt sinn (déi wéi hei mat http:// ufänkt), eng relativ sinn (op eng aner Säit vum sëlwechten Site), e Link op en Document via en Internet-Protokoll (ftp://...), eng Email-Adress ([->minirezo@rezo.net])...

Spezifësch Applikatioun: dir kënnt e Link als URL uweisen andeem dir näischt virun de Pfeil schreiwt. Z.B.:

[->http://dmoz.org/World/Deutsch/Kultur/Literatur/Autoren_und_Autorinnen/P/Proust,_Marcel/]

dat gëtt:

http://dmoz.org/World/Deutsch/Kultu...

Wann d’URL ganz lang ass gët së ofgeschnidden fir dat äre Layout nët zerstéiert gët, awer de Link weist op déi richteg Adress.

-  Linken an de Site

De sëlwechte System gëtt benotzt fir Linken op ären egene Site ze maachen. Fannt fir d’éischt d’Nummer vum Artikel, vun der Rubrik oder der Kurzmeldung eraus op déi dir wëllt linken:

Wann dir am privaten Deel op déi Säit gitt gesidd dir lenks vum Artikel, der Kurzmeldung oder der Rubrik e Bloc mat enger Nummer.

Dat ass d’Nummer déi der an ären Link setzt:

Spezifësch Applikatioun: dir kënnt och do näischt virum Pfeil uginn ([->aut13]...). SPIP mëcht automatësch déi néideg Informatiounen derbäi. Am Fall vun engem Dokument oder Bild, wann dir manuell en Titel aginn hat da gëtt deen gewisen; soss de Numm vum Fichier.

Fir méi Informatiounen: Link op de Lexikon

-  Fouss-Noten

Eng Note gët normalerweis mat enger Nummer am Text markéiert, déi Nummer gëtt ënnen op der Säit mat méi Informatiounen widerholl.

Dës (manuell schwéier ze géréieren) Fonktionnalitéit ass automatiséiert: d’Noten gi vu SPIP numeréiert, a Linken derbäi ginn vir einfach tëschent dem Text an der Note hin an hier ze sprangen.

Eng Note gët am SPIP tëschent duebel eckeg Klammeren gesaat: "Eng Note[[Hei méi Informatiounen.]] fir ënnen op d'Säit." get esou gewisen: "Eng Note [1] fir ënnen op d’Säit."

Fir méi Informatiounen: nët-automatësch Fouss-Noten

-  En Extrait (vum Forum) zitéieren

Et ass oft praktesch an engem Diskussiouns-Forum Extrait’en ze zitéieren op déi een äntwert. Vir d’Présentatioun ze homogéniséieren, proposéiert SPIP d’Ofkiirzung ....

Z.B.:

<quote>SPIP ass cool.</quote>

Yeap, kloër :-)

dat gëtt:

SPIP ass cool.

Yeap, kloër :-)

Méi komplett Fonktionnalitéiten

Déi nächst Ofkiirzungen sinn méi komplett Fonktionnalitéiten fir spezifësch Problemer. Wann dëst ären éischten Kontakt mat SPIP ass, dann ass ët warscheinlëch nët néideg dat dir se elo auswënneg léiert. Ët geet duer wann dir wësst dat së existéieren; wann dir së wiirklech braucht, kommt op dës Säit zerëck, et ass vill méi einfach ëppes ze verhalen wat dir wirklëch benotzt.

-  Tabellen

Fir einfach Tabellen am SPIP duerzestellen, geet ët duer Zeilen ze schreiwen wou d’Zellen duerch d’Symbol "|" (pipe, e vertikalen Strich) getrennt sinn, a d’Zeil och mat deem Strich ufänkt an ophält. Dir musst eng eidel Zeil virun an no der Tabell loossen.

Z.B., d’Tabell:

Numm Virnumm Alter
Weber Ben 23 Joër
Captain onbekannt
Muller Philippe 46 Joër
Wagner Bebé 4 Méint

kodéiert sëch esou:


| {{Numm}} | {{Virnumm}} | {{Alter}} |
| Weber | Ben | 23 Joër |
| Captain | | onbekannt |
| Muller | Philippe | 46 Joër |
| Wagner | Bebé | 4 Méint |

An dër éischter Zeil ass alles als fett markéiert. Sou fënnt SPIP eraus dat ët Iwerschrëften sinn a mëcht eng extra Présentatioun (aner Hannergrond-Faarw). Esou eng Zeil muss awer nët do sinn.


-  Détailléiert Gestioun vun de Lëschten

-  Einfach an eng nei Zeil kommt dir mat _ (ënnerstrach oder underscore) um Ufank vun der Zeil mat duerno engem Leerzeechen.

N.B. An dër klassescher Typographie ass déi einfach nei Zeil zimmlëch rare (eigentlech op d’Gedicher limitéiert). E gëtt oft mat dem neien Abschnitt verwiesselt sou wéi dir en op gedréckten Dokumenter gesidd (ouni Abstand tëschent den Abschnitter), während d’Internet-Browser’en par défaut en Abstand maachen. Vill Benotzer probéieren dës Characteristik vum Gedréckten (keen Abstand) no ze maachen andeem si e puer nei Zeilen tëschent "d’Abschnitter" maachen; dat ass e Fehler wou dir riskéiert d’Maintenance an d’Evolutioun vun ärem Site ze erschwéieren. D’Léisung leit an den Skeletter an engem "Style Sheet" (CSS) dat beschreiwt wéi d’Abschnitter sëch sollen behuelen (z.B. keen Abstand tëschent den Abschnitter, éischt Zeil era geréckelt...).

-  Dir kënnt Lëschten verschachtelen mat ëngem Stär no dem Bindestrich.

Z.B.:

-* Ton cheval est:
-** alezan;
-** bai;
-** noir;
-* mais mon lapin est
-** blanc:
-*** angora 
-*** ou à poil ras.

dat gëtt:

-  Dir kënnt och numeréiert Lëschten maachen mat dem Dièse # am Plaz vum Stär an enger Lëscht:

-# fir d'éischt
-# fir d'zweet
-# fir d'drëtt

dat gëtt:

  1. fir d’éischt
  2. fir d’zweet
  3. fir d’drëtt


-  D’Linken op en externen Lexikon

Dir kënnt och ganz einfach e Link op d’Définitioun vun ëngem Wuert an engem externen Lexikon maachen; ët geet duer d’Ofkiirzung [?Wuert] an den Text ze schreiwen.

Den heiten Kode: "{À la recherche du temps perdu} ass d'Haaptwierk vum [?Marcel Proust]" gëtt dann: "À la recherche du temps perdu ass d’Haaptwierk vum Marcel Proust

". Vergiesst nët op de Link ze klicken fir ze kontrolléieren op d’Wuert richtez geschriwen ass an op eng korrekt Adress weist.

En externen Lexikon ass de Wikipedia. Dat ass eng méisproochëg Encyclopédie, déi ob cooperativer Basis geschriwen gëtt, si ass op fir all Beiträg iwert den Internet. Huelt Iech Zäit fir se kennen ze léieren, ze respektéieren an och zum gemeinsamen Wëssen doran beizesteieren.


-  Nët-automatësch Noten

An de meeschten Fäll geet den automatëschen Noten-System duer. Dir kënnt awer Noten "forcéieren" d’Nummer oder d’Wuert unzehuelen déi dir wëllt.

De generelle Prinzip ass: gitt um Ufank vun der Note d’Nummer oder d’Wuert un (tëschent < an >) wat soll benotzt ginn fir de Link ze maachen:

Eng "forcéiert"[[<xxx> Den Text vun der Note.]] Note.

Mat deem Prinzip...

Dir kënnt automatësch nummeréiert Noten maachen[[Text tëschent duebel eckeg Klammeren.]],
- Dir kënnt d'Nummer vun der Note forcéieren[[<23> Gitt d'Nummer tëschent "&lt;" an "&gt;" un.]],
- Dir kënnt Noten mat engem Stär maachen[[<*> Schreiwt e Stär tëschent "&lt;" an "&gt;".]],
- Dir kënnt Noten ouni Referenz (ouni Nummer maachen); opgepasst, kee Link méi tëschent dem Text an der Note[[<> Näischt tëschent "&lt;" an "&gt;".]],
- Dir kënnt enger Note e Numm gin; dat gëtt vill an der Bibliographie benotzt[[<Rab> François Rabelais.]];
- Dir kënnt eng Note déi ët schons gëtt opruffen[[<23>]] andeem dir d'Nummer vun där Note tëschent "&lt;" an "&gt;" schreiwt an de Räscht eidel loosst.

dat gëtt:

Dir kënnt automatësch nummeréiert Noten maachen [2],
-  Dir kënnt d’Nummer vun der Note forcéieren [23],
-  Dir kënnt Noten mat engem Stär maachen [*],
-  Dir kënnt Noten ouni Referenz (ouni Nummer maachen); opgepasst, kee Link méi tëschent dem Text an der Note,
-  Dir kënnt enger Note e Numm gin; dat gëtt vill an der Bibliographie benotzt [Rab];
-  Dir kënnt eng Note déi ët schons gëtt opruffen [23] andeem dir d’Nummer vun där Note tëschent "<" an ">" schreiwt an de Räscht eidel loosst.

-  D’Ofkiirzungen ëmgoën

A bestëmmte Fäll kann ët néideg sinn verschidden Deeler nët duerch dem SPIP seng typographësch "Filteren" änneren ze loossen: wann dir Source-Code weisen wëllt (z.B. PHP, Javascript...)...

De Code vun dëser Ofkiirzung ass: "<HTML>Text deen nët soll geännert ginn!</HTML>", dat gëtt: "Text deen nët soll geännert ginn!"

-  Informatik-Code weisen

Verschidden Benotzer wëllen heiansdo Informatik-Code an hieren Säiten weisen. D’Ofkiirzung ... ass duerfir do.

Beispill: <?php // dëst ass PHP
echo "Moien";
?>

gëtt Moien

Et gëtt eng aner Ofkiirzung fir Informatik-Code an e puer Zeilen ze publizéieren:

...

. Dat sëtzt de Code an e "Formulaire" (dat gëtt öfters op dëser Säit benotzt). De Viirdeel vun dëser Method ass dat d’Kopéieren/Pechen aus enger Internet-Säit vereinfacht gëtt: ët geet duer d’Maus an de Code ze sätzen, "alles unzewielen" (Ctrl-A) fir de Code ze kopéieren. Bei villen Browser’en gëtt esou och d’Tabulatioun un Ufank vun den Zeilen richteg gewisen.

Hei ass e Beispill:

class Text {
	var 
type = 'Text';
	var 
text;
}

class Feld {
	var 
type = 'Feld';
	var 
feld_numm, 
feld_id;
	var 
konditioun_virdrun, 
konditioun_duerno; // Tabell mat den Objekter
	var 
funktiounen;
}

[1Hei méi Informatiounen.

[2Text tëschent duebel eckeg Klammeren.

[23Gitt d’Nummer tëschent "<" an ">" un.

[*Schreiwt e Stär tëschent "<" an ">".

Näischt tëschent "<" an ">".

[RabFrançois Rabelais.

arttitre/Titel, Iwertitel, Ënnertitel

Titel, Iwertitel, Ënnertitel

-  Den Titel ass obligatorësch.

-  Den Iwertitel an den Ënnertitel si nët virgeschriwen. Wann dir së nët braucht, loost së eidel, d’Presentatioun adaptéiert sëch automatësch wann së do sinn oder nët.

D’Administrateuren kënnen d’Benotzung vun Iwertitelen oder Ënnertitelen komplett ausschalten, via d’Säit "Astellen vum Site".

artrub/Rubrik wielen

Rubrik wielen

De Menu weist d’ganz Hierarchie vun de Rubriken (sou wéi së vun den Administrateuren vum Site définéiert goufen): wielt déi an déi dir den Artikel wëllt setzen.

Vill Ufänger ignoréieren dës (am Fong einfach) Fonktioun komplett, a loossen hieren Artikel "egalwou" an der Struktur vum Site. D’Administrateuren sollen kontrolléieren, ier se en Artikel validéiren, ob ën an dër richteger Rubrik ass.

artdesc/Kuurz Beschreiwung

Kuurz Beschreiwung

Déi kuurz Beschreiwung gëtt benotzt fir d’Navigatioun am Site: do kann en z.B. kurz den Thema vum Artikel uginn.

Dës Beschreiwung muss nët sinn; an si kann och déi Längt hunn déi dir wëllt. Am Prinzip sollen d’Texter awer kuurz sinn (een oder zwee Sätz), wëll si kënnt an d’Lëscht vun den Artikelen (Startsäit, Artikelen vun engem Auteur, Klassement vun den Artikelen no Schlësselwuert, Äntwert vum Sich-Motor, asw.).

D’Administrateuren kënnen via den Interface "<a href="./?exec=aide_index&aide=confart" target="_top">Astellen vum Site" d’Benotzung vun der Kuurz-Beschreiwung komplett ausschalten.

artchap/Chapeau

De Chapeau

De Chapeau ass am Presse-Jargon e kuurzen Text als "Hutt" iwert dem Artikel. D’Benotzung ass nët obligatorësch.

D’Administrateuren kënnen via den Interface "<a href="./?exec=aide_index&aide=confart" target="_top">Astellen vum Site" d’Benotzung vum Chapeau komplett ausschalten.

artvirt/Artikel ëmleeden

Artikel ëmleeden

Dës Option erlaabt e "virtuellen Artikel": dat ass en Artikel wou den Titel, den Datum an d’Auteuren am SPIP enregistréiert sinn, deen awer op eng aner Adress verweist.

Dës Fonktionnalitéit erlaabt Artikelen an ärem SPIP-System unzeginn déi nët mat SPIP gemaach goufen (z.B. fir Säiten vu virun der SPIP-Installatioun an der Navigatioun vun ärem SPIP-Site ze gesinn).

Fir e "virtuellen Artikel" ze maachen, geet ët duer d’URL vum Ziel-Artikel an dem Feld unzeginn.

Fir d’Ëmleedung ze läschen, macht einfach d’Feld vun der Ëmleedung eidel (läscht d’Adress vum Ziel-Artikel).

arttexte/Text

Den Text vum Artikel

Näischt komplizéiertes: et ass den Text vum Artikel sou wéi de Numm ët seet.

-  Ëppes muss een awer wëssen: fir ganz laang Texter (eiser Erfahrung no ëm déi 32 KB) kënnt ët fir dass den Text wärend dem Eroplueden a SPIP ofgeschnidden oder einfach refuséiert gët. De Problem hängt nët u SPIP, mais um Browser deen dir benotzt. Wann dir dëse Problem gesidd, musst dër een aneren Browser benotzen.

-  Den Text vum Artikel gëtt idealerweis mat den typographeschen Ofkiirzungen vu SPIP formatéiert.

artdate/Datum

De Publikatiouns-Datum

Den Datum entsprëcht normalerweis dem Datum wou den Artikel online gesaat gouf (oder um Internet-Site publizéiert gouf).

-  Dësen Datum gëtt automatësch gesaat an deem Moment wou den Artikel vun engem Administrateur validéiert gëtt (also wann en um öffentlëchen Site optaucht).

-  No der Validatioun kann den Administrateur den Datum änneren.

artdate_redac/Éischten Publikatiouns-Datum

Den éischten Publikatiouns-Datum

Dës Fonktioun gëllt fir ganz spezifesch Applikatiounen, wann SPIP benotzt gëtt fir Archiven ze publizéieren an wann dës Archiven en aneren, fréieren, Publikations-Datum hunn.

Ët geet drëm kënnen unzeginn dat en Dokument schon éischter publizéiert gouf: Zeitungs-Artikel, Buch...

-  Par défaut gëtt dësen Datum nët ugewisen: d’Feld «Éischten Publikatiouns-Datum nët weisen" ass ugewielt wann den Artikel geschriwen gëtt.

-  Wann dir esou en Datum uginn wëllt, da musst dir "Weisen" wielen an mat den Lëscht-Felder den Datum astellen.

Am Géigesaatz vum "Publikatiouns-Datum" gëtt dësen Datum nët automatësch gerechent wann den Artikel validéiert gëtt. E kann also zu all Moment geännert ginn.

D’Administrateuren kënnen via den Interface "<a href="./?exec=aide_index&aide=confart" target="_top">Astellen vum Site" d’Benotzung vum éischten Publikatiouns-Datum komplett ausschalten.

artauteurs/D’Auteuren

D’Auteuren

Wann en Administrateur oder Redaktor en Artikel schreiwt gëtt ën automatësch als den Auteur vun dem Artikel ugeholl. A ville Fäll muss den Auteur geännert ginn (wann dir an de Site Texter vun aneren Auteuren integréiert, wann en Text nët soll ënnerschriwen ginn, oder wann e puer Leit un engem Artikel geschafft hun...)

-  Auteur derbäi ginn

Eng Lëscht weist all d’Redaktoren vum Site an erlaabt e neien Auteur derbäi ze ginn.

Wa méi wéi 50 Redaktoren um Site matschaffen gëtt ët schwéier se als Lëscht ze weisen (dauert ze laang fir ze lueden); an deem Fall gët d’Lëscht duerch e Sich-Feld ersat: gitt de Numm vum Auteur un deen dir wëllt derbäi ginn a klickt op "Sichen". Wa méi wéi een Redaktor korrespondéiert proposéiert de System Iech een auszewielen.

-  Auter ewech huelen

Hannert all Auteur vun engem Artikel ass e Link "Auteur läschen", fir dësen Auteur vum Artikel ewech ze huelen..

Den Auteur gëtt just als Auteur vum Artikel geläscht; hien bleiwt natiirlech an der Lëscht vun all den Auteuren vum Site.

-  En Auteur duerch en aneren ersetzen

Dat geet an zwee Schrëtt: einfach e neien Auteur derbäi ginn an den alen läschen (kuckt hei driwer).

-  D’Administrateuren hun vill méi Méiglëchkeeten wéi d’Redaktoren op der Auteurs-Lëscht. D’Redaktoren kënnen z.B. sëch nët selwer läschen. Wann e Redaktor wëllt en anonymen Artikel publizéieren (ouni Auteur), muss hien en Administrateur duervir froën.

logoart/Logo vum Artikel

Logo vum Artikel

SPIP erlaabt Iech e Logo fir all Artikel. Sou kann een an der Navigatioun vum öffentlëchen Site e grapheschen Knäppchen weisen deen op den Artikel linkt.

Fir en Artikel ass ët méiglëch::
-  keen Logo ze benotzen;
-  en einfachen Logo installéieren;
-  en animéierten Logo mat "MouseOver" benotzen (e Logo mat 2 "Positiounen": de Logo ännert wann een mat der Maus driwer geet).

-  Bild-Formater

Wann dër är Biller (mat ärer normaler Software maacht), da wielt een vun dësen Formater:
-  GIF (de GIF-Fichier kann een "Animted GIF" sinn);
-  JPEG;
-  PNG.

Fir schwéier Fehler ze vermeiden refuséiert SPIP Biller déi méi grouss wéi 256 kB sinn. Rotschlo: dës "Knäppercher" sinn Deel vum grapheschen Interface, kuckt also dat hiert Gewiicht (Zuel vu kilo-Byten) nët ze grouss ass (am Prinzip manner wéi 10 kB) wann dir gären eng séier Navigatioun op ärem Site hutt.

Passt op dat d’Nimm vun ären Fichier’en eng Endung mat dem Format hunn: .gif, .jpg oder .png. De Numm vum Fichier ass egal, sou laang wéi dir d’Endung nët vergiesst.

Wann dir e Knäppchen fir de "MouseOver" maacht, da maacht zwee verschidden Fichier’en (een fir de "normalen" Knäppchen an een aneren deen gewisen gëtt wann ee mat der Maus driwer geet.) déi zwee Fichier’en mussen genau déi sëlwecht Gréisst (an Pixel) hunn.

-  Einfachen Logo (keen "MouseOver")

Fir e Knäppchen derbäi ze ginn gëtt ët en Interface lënks vum Artikel: "LOGO VUM ARTIKEL".

Je no Browser-Versioun, klickt op "Browse", "File"... da geet en Interface op deen Iech erlabt op ärem Harddisk de Fichier vun ärem Knäppchen ze wielen.

Wann de Fichier gewielt ass, klickt op "Eroplueden". Äre Logo gëtt dann ugewisen. Drënner ass e Link "läschen" wann dër de Logo ërem wëllt läschen.

Wann dir keen Logo mat "MouseOver" wëllt dann sidd der elo färdeg.

-  Logo ersetzen

Wann dir e Logo duerch en aneren wëllt ersetzen macht dat an zwee Schrëtt:
-  läscht fir d’éischt mat "läschen": den Interface vu virdrun mat "Eroplueden" kënnt erëm;
-  lued de neien Fichier erop mat der Prozedur hei driwer.

Je no Browser kann dann dat falscht Bild gewisen ginn wëll ët eventuell nach dat alt ass (d’Bild sëtzt am "Cache" vun ärem Browser). Clickt mat der rietser Tast (mat "Ctrl" gedréckt op Macintosh) op d’Bild fir de Kontext-Menu ze weisen: wielt do "Bild nei lueden" ("Reload image"). Déi nei Versioun vum Logo misst dann ze gesinn sinn.

-  Logo mat MouseOver

No der Installatioun vum éischten Fichier (einfachen Logo) weist den Interface de Logo deen elo um Server ass, plus en zweeten Interface mat Titel "LOGO FIR DEN MOUSEOVER". Mat dësem Interface kënnt dir den zweeten Fichier wielen deen fir den MouseOver gebraucht gëtt.

Wann dir zwee Fichier’en installéiert hutt an dir läscht den éischten ("einfachen" Knäppchen), gesitt dir den Interface fir den zweeten Logo nët méi. Wann keen éischten Logo méi do ass, kann een nët méi mat der Maus driwer fueren!

Dir braucht näischt um Text vun ärem Artikel ze änneren. Un öffentlëchen Site ass d’Gestioun vun de Logo’en automatësch. De Code mat der Gréisst vum Logo an d’Javascript-Fonktioun fir den MouseOver ginn automatësch derbäi ginn.

artstatut/Den Zoustand vum Artikel

Den Zoustand vum Artikel

Den Zoustand vum Artikel weist wou en drun ass. Den Artikel kann:
-  an der Redaktioun sinn;
-  fir eng Publikatioun proposéiert sinn;
-  publizéiert sinn;
-  an der Dreckskëscht sinn;
-  refuséiert sinn.

Dës Schrëtt kënnen nëmmen vun den Administrateuren geännert ginn..

N.B. Den Zoustand vum Artikel gëtt duerch faarweg Punkten gewisen.

Artikel an der Redaktioun

Wann den Artikel geschriwen gëtt ass en automatësch "an der Redaktioun": seng Auteuren schaffen drun, änneren drun...

Den Artikel "an der Redaktioun" kann nëmmen vun den Auteuren vum Artikel an den Administrateuren gesinn ginn. Déi aner Redaktoren hu keen Zougang.

Artikel fir d’Publikatioun proposéiert

Wann den Auteur méngt säin Artikel wir färdeg, kann hien en fir d’Publikatioun "proposéieren". Den Artikel kann dann diskutéiert ginn ier en validéiert (publizéiert) oder refuséiert gëtt.

Wann en Artikel "proposéiert" ass, dann steet en op der Säit "Aufgaben" fir dat all d’Benotzer vum privaten Deel am internen Forum (ënnert dem Artikel) kënnen driwer schwätzen.

Esou een Artikel gesäit all Redaktor. E kann awer nëmmen vum Auteur oder vun engem Administrateur geännert ginn.

Artikel publizéiert

No enger eventueller Diskussioun tëschent den Redaktoren (wärend den Artikel "proposéiert" ass), kann en "validéiert" ginn, dat heescht vun engem Administrateur publizéiert ginn. All d’Visiteuren vum öffentlëchen Site hunn dann Zougang.

Wann en Artikel publizéiert ass, kënnen nëmmen d’Administrateuren en änneren. Säin Auteur muss also en Administrateur froën wann hien Korrekturen wëllt maachen.

Artikel refuséiert

E"proposéierten" Artikel deen der editorialer Linn nët entsprëcht kann vun den Administrateuren "refuséiert" ginn.

E "refuséierten" Artikel ass nëmmen méi vum Auteur a vun den Administrateuren ze gesinn.

E "refuséierten" Artikel kann nët méi vun séngem Auteur geännert ginn, hien kann also och nët méi nei "proposéiert" ginn. Wann en Artikel nëmmen Retouchen brauch, soll en also zerëck "an d’Redaktioun" gesaat am Plaaz refuséiert ginn, fir dat säin Auteur kann drun änneren a e méi spéit nach eng Kéier proposéieren kann.

Article an der Dreckskëscht

En Artikel ka nëmmen vun engem Administrateur an d’Dreckskëscht gehäit ginn..

En Artikel "an der Dreckskëscht" ass nët méi am privaten Deel ze gesinn, souguer nët vun den Administrateuren. Opgepasst also, dës Optioun ass radikal: den Artikel verschwënnt komplett.

A Wiirklëchkeet ass den Artikel nach ëmmer an der Datebank, mais ka nët méi mat den normalen Methoden vu SPIP ugewielt ginn.

Dës Optioun ass also reservéiert fir Artikelen déi aus Iirtum derbäi gemaach goufen, déi sollen komplett ewëch kommen. Et ass besser am Prinzip den Artikel ze "refuséieren", dat ass manner definitiv.

-  D’Administrateuren kënnen zu jidfer Zäit den Zoustand vun engem Artikel änneren. E publizéierten Artikel kann esou erëm zeréck an d’Redaktioun. Wann är Artikelen publizéiert sinn, iwerdreiwt nët domatt: ären Site kritt "Lächer", mat Säiten déi optauchen an erëm verschwannen, wat nët schéin ze gesinn ass.

artprop/Artikel proposéieren

Artikel proposéieren

Wann den Artikel "an der Redaktioun" ass (kuckt d’Rubrik "Zoustand vum Artikel"), ass drënner e Knäppchen "d’Publikatioun vum Artikel ufroën".

Nëmmen den Auteur vum Artikel kann dat maachen.

Dat heescht dat den Artikel "fir eng Evaluatioun proposéiert" gëtt, also all d’Redaktoren sin agelueden en ze kommentéieren bis en vun den Administrateuren publizéiert oder refuséiert gëtt.

Opgepasst: wann den Artikel "proposéiert" ass, kann den Auteur seng Meenung nët méi änneren an erëm "zeréck an d’Redaktioun". Dës Operatioun därf nëmmen gemaach ginn wann den Auteur säin Text als komplett an definitiv gesäit. Nëmmen en Administrateur kann den Text nach an d’Redaktioun zeréck setzen.

artmodif/Artikelen un deene geännert gëtt

Artikelen un deenen geännert gëtt

Wann e Redaktor en Artikel ännert ginn déi aner déi wëllen op des Säit goën gewarnt an et gëtt hinnen geroden den Artikel nët unzepaken.

Wann zwee Redaktoren un engem Artikel schaffen riskéieren deem engen seng Ännerungen vun deem aneren iwerschriwen ze ginn.

Wann dir gesitt "Opgepasst, den ... huet un dësem Artikel virun ... Minuten geschafft", ass ugeroden en nët elo ze änneren. Kommt méi spéit erëm wann den aneren Redaktor séng Ännerungen enregistréiert huet.

Ëmgedréint, wann dir en Artikel ännert ginn déi aner gewarnt. Sou laang wéi dir den Artikel ännert an nach eng Stonn duerno, kréien déi aner Redaktoren geroden den Artikel nët unzepaken. Wann dir färdeg sidd an déi aner kënnen drun schaffen, kënnt dir den Artikel "fräi ginn". D’Warnung fir déi aner verschwënnt dann.

D’Rubriken

rubhier/Eng Hierarchie

D’Hierarchie vun der Struktur

D’Struktur vun ärem Site bestëmmt den Interface, d’Navigatioun, d’Relatioun tëschent den Artikelen an de Kurzmeldungen... Am SPIP ass d’Struktur eng Hierarchie: eng Rubrik kann Ënner-Rubriken hunn, déi sëlwer Ënner-Rubriken kënnen hunn, asw.

An dësem Beispill versteet een dat d’Rubrik 222 vun der Rubrik 22 ofhängt, déi sélwer vun der Rubrik 2 ofhängt, déi vu kénger Rubrik ofhängt (an dësem Fall gët ugeholl dat d’Rubrik 2 an der Wuerzel vum Site ass).

Ënner Hierarchie versteet een dat all Rubrik nëmmen vun enger eenzeger Rubrik ofhängt (a nët vun e puer Rubriken), an dass se nët kann vun ënger vun séngen Ënner-Rubriken ofhänken (SPIP erlaabt kéng "circulaire" Struktur). Dës klassësch Struktur gouf gewielt wëll se sou einfach ass.

Nëmmen d’Administrateuren kënnen Rubriken derbäi ginn, änneren oder läschen.

rubrub/Eng Rubrik wielen

D’Rubrik wielen

D’Fonktioun vun der Lëscht ass einfach: dir gesitt déi ganz Hierarchie vun de Rubriken (sou wéi d’Administrateuren se gemaach hunn), dir braucht nëmmen déi ze wielen an déi dir är Ënner-Rubrik wëllt setzen.

-  Eng Rubrik réckelen

Dir kënnt mat der Lëscht eng Rubrik vun enger anerer Rubrik ofhänken loossen. All d’Ënner-Rubriken vun dëser Rubrik ginn mat geréckelt, grad wéi d’Artikelen.

rublogo/Logo vun der Rubrik

Logo vun der Rubrik

Dir kënnt e Logo fir all Rubrik installéieren. Dat kann en einfachen Logo (statëscht Bild) oder mat zwou Positiounen sinn (Logo deen ännert wann dir mat der Maus driwer gitt).

D’Installatioun vun de Biller fir de Logo ass genee sëlwecht wéi beim <a href="./?exec=aide_index&aide=logoart" target="_top">Logo vun engem Artikel.

N.B. D’Logo fonktionnéieren rekursiv: wann de Logo an enger Rubrik feelt, versicht SPIP den Logo vun der Rubrik vun där des Rubrik ofhänkt ze weisen:

An dëser Hierarchie, wann keen Logo an der Rubrik 221 ass, gët (nëmmen um öffentlëchen Site) den Logo vun der Rubrik 22 geholl oder wann déi och kee Logo huet, deen vun der Rubrik 2. Soss weist SPI de Logo vun der Wuerzel vum Site.

Wann de Webmaster dat esou programméiert huet, kann de Logo vun der Rubrik als Substitutiouns-Logo vir d’Artikelen aus der Rubrik geholl ginn.

D’Kuurzmeldungen

breves/D’Kuurzmeldungen

D’Kuurzmeldungen

D’Kuurzmeldungen sinn eng einfach a séier Method fir mat SPIP ze publizéieren. Am Géigensaatz zu den Artikelen hunn d’Kuurzmeldungen nëmmen e puer Informatiounen: en Titel, en Texte an e Link. De System ass ideal fir e Suivi vun der Aktualitéit, eng Presse-Revue, asw.

brevesrub/D’Rubrik wielen

Positioun vun de Kuurzmeldungen an der Struktur vum Site

Fir d’Benotzung ze vereinfachen (a fir dat d’Kuurzmeldungen nët dat sëlwecht wéi Artikelen sinn) ass d’Integratioun an d’Hierarchie op den absoluten Minimum reduzéiert: d’Kuurzmeldungen hänken nëmmen un de Rubriken vun der Wuerzel vum Site.

An dësem Beispill kënnt dir Kuurzmeldungen an d’Rubriken 1 an 2 schreiwen, awer nët an hier Ënner-Rubriken (am Géigesaatz zu den Artikelen déi iwerall kënnen sinn). D’Presentatioun vun de Kuurzmeldungen hängt direkt un der Fonktioun vun de groussen Rubriken, an d’Lëscht fir d’Rubrik auszewielen ass ganz kléng.

breveslien/De Link

De Link vun de Kuurzmeldungen

Fir d’Benotzung vun de Kuurzmeldungen fir eng Presse-Revue ze vereinfachen kann all Meldung e Link kréien. Ët geet duer den Titel vum Site oder vum gelinkten Artikel an seng Adress (URL) unzeginn.

Dës Informatiounen sinn natiirlech fakultativ.

N.B. Dëse Link-System verhënnert nët Linken an den Text vun der Kuurzmeldung ze schreiwen, mais den getrennten Link erlaabt dem Webmaster him e speziellen Layout ze ginn.

brevesstatut/Den Zoustand vun der Kuurzmeldung

Den Zoustand vun der Kuurzmeldung

D’Gestioun ass méi einfach wéi déi vun den Artikelen. Eng Kuurzmeldung huet keen Auteur. Säin Zoustand ass "proposéiert", "publizéiert" oder "refuséiert". Nëmmen d’Administrateuren kënnen den Zoustand änneren.

-  Proposéiert Kuurzmeldung

Déi "proposéiert" Kuurzmeldungen stinn op der "Aufgaben"-Säit: all d’Redaktoren sinn agelueden se ze kucken an ze änneren. D’Administrateuren hunn zwee Knäppercher - déi hinnen erlaaben ze publizéieren oder ze refuséieren.

-  Publizéiert Kuurzmeldung

Déi "publizéiert" Kuurzmeldungen sinn um öffentlëchen Site ze gesinn. Nëmmen d’Administrateuren kënnen se vun do un änneren.

-  Refuséiert Kuurzmeldung

Eng "refuséiert" Kuurzmeldung ass nët um öffentlëchen Site ze gesinn, a nëmmen d’Administrateuren kënnen am privaten Deel drun kommen.

breveslogo/De Logo vun der Kuurzmeldung

Logo vun der Kuurzmeldung

Dir kënnt op ärem Site e Logo fir all Kuurzmeldung uginn. Dat kann en einfachen Logo (statëscht Bild) oder e Logo mat zwou Positiounen fir de wann e mat der Maus driwer geet, sinn.

D’Installatioun vum Logo vun enger Kuurzmeldung ass genau sëlwecht wéi fir de Logo vun engem Artikel.

Biller an Dokumenter

ins_img/Biller derbäi ginn

Biller an den Text setzen

SPIP bidd Iech d’Méiglëchkeet är Artikelen a Kuurzmeldungen mat Biller ze illustréieren. Dat geet an e puer Schrëtt: dir musst de Fichier vum Bild op de Server lueden, an dann d’Bild an den Text setzen.


Viirbereedung: Bild-Formater

Wann dir är Biller maacht (mat ärer normaler Software), da musst dir se ënner engem vun dësen Formater späicheren:
-  GIF (Endung .gif),
-  JPEG (Endung .jpg),
-  PNG (Endung .png).

Passt gudd op dat de Numm vun ären Fichier’en eng Endung huet déi de Format beschreiwt: .gif, .jpg oder .png. Wann dir e Fichier op de Server setzt ouni eng vun dësen Endungen, kann de System d’Bild nët benotzen.


1. Schrëtt: Biller op de Server lueden

Ier dir är Biller kënnt an den Text setzten, mussen se um Server sinn. Dat geschitt mat engem Interface vu SPIP.

Wann dir en Artikel oder eng Kuurzmeldung "ännert", gesitt dir an der lénker Kolonne e Bloc mat der Iwerschrëft: "Bild derbäi ginn". Ët ass en Input-Feld mat engem Knäppchen deen je no Browser "Select", "Browse", "File", etc. heescht.

Wann dir op dësen Knäppchen klickt, geet eng Fënster op wou dier ären Harddisk gesitt a wou dir ärt Bild kënnt wielen.

Wann dat gemaach ass, klickt op de Knäppchen "Eroplueden".

Wann alles richteg gaangen ass erschéngt ärt Bild an der lénker Kolonne, mat nach e puer Informatiounen...


2. Schrëtt: D’Informatiounen vun ärem Bild

Wann ärt Bild um Server ass erschéngt ët lénks vum Écran, mat allen Informatiounen iwer ët. (En Deel vun den Informatiounen ass verstoppt, klickt op den Dräieck vir d’Info-Box opzeklappen.)

-  Als Vignette weisen. Dir gesitt eng Visualisatioun vun ärem Bild. Wann d’Bild grouss ass (méi wéi 200 Pixel breed) gët eng verkléngert Versioun gewisen.

-  SPIP-Ofkiirzungen. SPIP weist Iech déi 3 Ofkiirzungen woumat dir d’Bild an den Text setzen kënnt. All Bild ass numeréiert: "IMG1", "IMG2"... Dës Ofkiirzungen ginn am 3. Schrëtt benotzt.

-  Gréisst vum Bild Dir gesitt och d’Breed an d’Héicht vun ärem Bild (a Pixel - oder "Punkten").

-  Titel a Beschreiwung vum Bild Dir kënnt e Numm an eng Beschreiwung fir all Bild aginn. Z.B. eng Erklärung, oder de Copyright vum Fotograf...

-  Bild läschen Wéi de Numm ët seet, kann e mat dem Knäppchen "Dëst Bild läschen" de Fichier vum Server läschen, wann dir e Fehler gemaach hutt, oder schlussendlëch décidéiert kee Bild an den Text ze setzen. Läscht déi nët gebrauchten Biller fir ären Server nët onnéideg voll ze maachen.

Dir kënnt dës Operatioun öfters maachen (all Artikel oder Kuurzmeldung kann sou vill Biller wéi néideg hunn).


3. Schrëtt: Bild an den Text setzen

Elo sin d’Fichier’en um Server, ët bleiwt nach se op déi Plaaz an den Text ze setzen wou se hin gehéieren. Dir braucht keen HTML dofir, SPIP huet eng Ofkiirzung fir d’Bild an den Text ze setzen..

-  Bild ouni Kommentar

Fir all Bild gesitt dir dës 3 Ofkiirzungen:
-  <img1|left>
-  <img1|center>
-  <img1|right>

Kopéiert eng vun den Ofkiirzungen (d’Nummer ännert fir all Bild) a pecht se an den Text op déi Plaaz wou d’Bild soll gewisen ginn. "left" alignéiert d’Bild lénks, "right" alignéiert riets, an "center" setzt d’Bild an d’Mëtt vum Text.

Wann den Text um Écran gewisen gëtt ersetzt SPIP dës Ofkiirzungen mat dem richtegen HTML-Code, a rechent och automatësch d’Gréisst vum Bild.

-  Biller mat Titel a Beschreiwung

Wann dir en Titel an/oder eng Beschreiwung aginn hutt, dann ass <img...> ersaat duerch:
-  <doc1|left>
-  <doc1|center>
-  <doc1|right>

Dës Ofkiirzungen benotzt dir sëlwecht wéi hei driwer: SPIP weist am Text nët nëmmen d’Bild, mais och den Titel oder d’Beschreiwung déi dir aginn hutt. Sou gesäit een ärt d’Bild eventuell mat engem Copyright, oder dem Numm vum Artist, asw.

ins_doc/Dokumenter derbäi ginn

Multimedia-Dokumenter derbäi ginn

Den SPIP-Interface erlaabt Multimedia-Fichier’en op ärem Site unzebidden (Toun, Video, Texter...).

D’Redaktoren kënnen Dokumenter bei d’Artikelen derbäi ginn. Dës Dokumenter kënnen ënner dem Text gewisen ginn (sou wéi eng "Pièce jointe") oder am Text ënner Form vun enger Vignette.

D’Administrateuren kënnen och Dokumenter direkt an eng Rubrik lueden.

Differenz tëschent den zwou Methoden: als "Pièce jointe" bei engem Artikel hunn d’Dokumenter kee Sënn ouni den Artikel wou se drun hänken (an dër Navigatioun kommt dir un esou een Dokument nëmmen iwert den Artikel); wann se direkt an d’Rubriken gelueden sinn, sinn se sëlwecht wéi d’Artikelen oder d’Kuurzmeldungen a nët nëmmen Zousaatz-Informatiounen.


1. Schrëtt: Dokumenter op de Server lueden

D’Eroplueden op de Server geet mat dem Interface "Dokument derbäi ginn" vun den Artikelen oder de Rubriken.

Wann dir en Artikel ännert, gesitt dir dësen Interface an der lénker Kolonne (ënner de Biller). Fir d’Rubriken lued der d’Dokumenter an der Rubrik wou së higehéieren.

Ier der d’Fichier’en eroplued, musst dir së op ärem Computer viirbereeden. Den Interface fir eropzelueden weist Iech d’Lëscht mat den erlaabten Formater. D’Fichier’en mussen déi richteg Endung hunn (z.B. "xxxxxx.mp3" fir en MP3-Fichier.

Den Interface ass sëlwecht wéi fir d’Biller: de Knäpchen "Browse", "Select" oder "File" (je no Browser) mëcht eng Fënster op wou dir de Fichier vun ärem Harddisk kënnt wielen. Wann dat gemaach ass, klickt op "Eroplueden" fir de Fichier op de Server ze lueden. Opgepasst: je no Gréisst kann dëst laang daueren. Je no Provider kënnen ze grouss Fichier’en och refuséiert ginn; an deem Fall kënnt dir dës Schwieregkeet emgoën andeem dir är Fichier’en per FTP eroplued.


2. Schrëtt: Informatiounen a Vignette

Wann äre Fichier um Server ass erschéngt eng Info-Box. Verschidden Optiounen si méiglëch.

-  Visualisatiouns-Vignette

Dës Notioun ass wichteg: am Géigesaatz zu de Biller déi an den Text gesaat ginn erschéngen d’Dokumenter nët direkt. Eng Vignette gëtt dem Visiteur présentéiert, hien kann drop klicken fir d’Dokument ze lueden.

Den ieweschten Deel vun der Info-Box erlaabt dës Vignette ze wielen. Dir kënnt d’Default-Vignette huelen oder e perséinlëche Logo eroplueden.

D’Default-Vignette ass automatësch am System installéiert an ännert je no Format vum Dokument. De Viirdeel fir déi Vignette ze gebrauchen ass eng eenheetlëch Présentatioun vun den Dokumenter vum sëlwechten Typ op ärem Site.

Wann dir wëllt kënnt dir e Logo eroplueden (wa méiglëch kléng, an am Format GIF, JPG oder PNG), deen amplatz vun der Default-Vignette gewisen gëtt. Wann esou e Logo installéiert ass, gesitt dir e Link "Vignette läschen" fir zerëck bei d’Default-Vignette.

-  Op der Säit fir en Artikel ze änneren, gesidd dir d’Ofkiirzungen fir d’Dokument an den Text ze setzen, sëlwecht wéi d’Biller.

-  Den ieweschten Deel erlaabt en Titel an eng Beschreiwung vum Dokument unzeginn. Dir braucht hei nët d’Format oder d’Gréisst vum Multimedia-Fichier unzeginn, dës Informatioun mëcht de System automatësch derbäi.

-  De Knäppchen "Dëst Dokument läschen" erlaabt déi onnéideg Dokumenter ze läschen. N.B.: Déi nët gebrauchten Dokumenter mussen geläscht ginn, soss sinn së um öffentlëchen Site ze gesinn.

-  Wann d’Dokumenter an de Rubriken sinn kënnt dir och den Publikatiouns-Datum änneren (sëlwecht wéi dir de Publikatiouns-Datum vun engem Artikel oder enger Kuurzmeldung ännert). Wann dat gemaach ass, sinn d’Dokumenter aus de Rubriken direkt um öffentlëchen Site (si brauchen nët wéi d’Kuurzmeldungen oder d’Artikelen validéiert ze ginn).


3. Schrëtt: Dokumenter an den Text vun den Artikelen setzen

Fir d’Dokumenter bei den Artikelen geet ët duer se eropzelueden an d’Informatiounen unzeginn (1. an 2. Schrëtt). Wann dir den Artikel publizéiert, erschéngen d’Dokumenter drënner a Form vun enger Lëscht.

Dir kënnt awer och d’Vignetten an den Text setzen. Sou kritt dir kleng Biller am Artikel wou een kann drop klicken.

D’Prozedur ass sëlwecht wéi bei de Biller, ausser dat een kann duerno op d’Vignette klicken. Gidd eng Ofkiirzung ënner der Form <imgxx|yy> oder <docxx|yy> an, wann der just d’Vignette oder och den Titel an d’Beschreiwung wëllt weisen.

N.B.: D’Dokumenter am Text erschéngen nëtt méi ënner dem Text. Fir d’Artikelen ginn ët also zwou Plaatzen fir d’Dokumenter: am Text (Vignette fir ze klicken), oder ënnert dem Artikel als Lëscht.


Spezial-Fall: Video- an Toun-Dokumenter

Verschidden Multimedia-Formater kënner direkt an enger Internet-Säit gewisen ginn (z.B. eng Video direkt am Artikel).

Fir esou Dokumenter an den Text vum Artikel ze setzen, nët méi als Vignette mais als Multimedia-Animatioun, musst dir seng Gréisst uginn: Breed an Héicht méi grouss wéi Null (fir Toun-Fichier’en gitt d’Breed vum Interface un an eng kléng Héicht, z.B. 25 Pixel).

N.B.: D’Felder fir d’Gréisst unzeginn gesidd dir nëmmen bei bestëmmten Formater déi vu SPIP acceptéiert ginn fir an d’Texter ze integréieren (AVI, Quicktime, Real, Flash).

Wann d’Gréisst uginn ass gesidd dir eng Ofkiirzung vun der Form <embxx|yy> ("embed").

Wann dir dësen Typ vun "Embedding" gutt kennt, kënnt dir nach aner Parameteren uginn, z.B.:

<emb54|center|autostart=true|quality=hight>

ins_upload/Fichier’en per FTP eroplueden

Fichier’en per FTP eroplueden

Verschidden Serveren verbidden d’Eroplueden via eng Internet-Säit. Et kann och schwéier sinn, grouss Fichier’en op déi Method ze lueden. SPIP erlaabt dëst ze ëmgoën an d’Biller oder d’Dokumenter direkt per FTP op de Server ze lueden.

Dëst ass natiirlech deenen reservéiert déi Zougang zum FTP-Server hunn.

-  Den Dossier /ecrire/upload

Et geet duer mat ärer normaler FTP-Software d’Fichier’en (Biller, Multimedia-Dokumenter) an den Dossier /ecrire/upload vu SPIP erop ze lueden.

-  D’Lëscht vun de Fichier’en

Duerno gesitt dir eng Lëscht mat all de Fichier’en aus dësem Dossier. Dir braucht nëmmen de Fichier ze wielen an ze validéieren.

Wann alles richteg gaangen ass, vergiesst nët dësen Fichier aus dem Dossier /ecrire/upload ze läschen (de System huet eng Kopie op enger anerer Plaatz vum Server gemaach, ären Original-Fichier gëtt nët méi gebraucht), fir dass déi Lëscht nët ze laang gëtt.

-  Alleguer d’Fichier’en zesummen

Wann dir e puer Fichier’en am Dossier /ecrire/upload hutt, gesitt dir nach eng Optioun am Interface vum Site: dir kënnt all d’Fichier’en mateneen installéieren. Fir Portfolio’en kann dat interessant sinn.

D’Schlësselwieder

mots/Prinzip vun de Schlësselwieder

D’Schlësselwieder

Eng vun de Limiten vu SPIP ass seng Hierarchie: all Artikel kann nëmmen an enger eenzeger Rubrik sinn, wat heianso Schwieregkeeten beim Classement bréngt.

D’Schlësselwieder erlaaben eng horizontal Navigatioun am Site. Durch d’Ubannen vun engem oder méi Schlësselwieder un en Artikel kann e Linken tëschent den Artikelen zum sëlwechten Thema maachen, déi awer a verschiddenen Rubriken sinn.

D’Schlësselwieder hunn nëmmen e Sënn wann all Wuert un e puer Artikelen gebonnen ass, fir déi Artikelen mateneen ze verbannen.

Nëmmen d’Administrateuren kënnen Schlësselwieder derbäi ginn oder änneren.

Wann d’Struktur vun de Rubriken gudd ass, brauch een d’Schlësselwieder nët: d’Artikelen zum sëlwechten Thema sinn einfach an dersëlwechter Rubrik, et ass nët néideg Schlësselwieder fir d’Thema bei all Artikel ze ginn. D’Administrateuren kennen also op der Säit <a href="./?exec=aide_index&aide=confart" target="_top">Astellen vum Site, d’Schlësselwieder komplett ausschalten.

artmots/D’Schlësselwieder

D’Schlësselwieder

Fir d’Navigatioun am Site ze verbesseren kann een Schlësselwieder bei d’Artikelen, d’Kuurzmeldungen an déi gelinkten Siten derbäi ginn. Sou kann de Visiteur vum Site nët nëmmen tëschent de Rubriken surfen, mais och vun ëngem Artikel mat engem bestëmmten Thema (duerch d’Schlësselwuert uginn) op en aneren Artikel mat deem sëlwechten Schlësselwuert.

Et ass méiglëch souvill wéi néideg Schlësselwieder engem Artikel, enger Kuurzmeldung oder engem gelinkten Site derbäi ze ginn.

Ët gëtt eng Lëscht mat all de Schlësselwieder vum Site. Seng Benotzung ass ganz einfach. (Opgepasst, wa ët méi wéi 50 Schlësselwieder gëtt, ass d’Lëscht duerch e Sich-Feld ersaat, gitt d’Wuert un a klickt op "Sichen".

N.B. Nëmmen d’Administrateuren kënnen Schlësselwieder am System derbäi ginn, an zwar vun der Gestiouns-Säit aus (Knäppchen "Schlësselwieder" am ierweschten Deel vun der Navigatioun).

D’Administrateuren kënnen d’Benotzung vun de Schlësselwieder fi de ganzen Site via den Interface "<a href="./?exec=aide_index&aide=confart" target="_top">Astellen vum Site" ausschalten.

motsgroupes/D’Schlësselwieder-Gruppen

D’Wuert-Gruppen

Wann dir vill Schlësselwieder benotzt, kann ët schweier ginn se séier ze benotzen. Duerfir kann e Gruppen mat Wieder maachen. Den Interface gëtt dann méi kloer (z.B. e Grupp "Länner" mat "Namibia", "Däitschland", "Peru", an e Grupp "Thema" mat "Chômage", "Poésie", "Déieren"...).

Déi referenzéiert Siten

reference/E Site referenzéieren

Referenzéiert Siten

SPIP proposéiert e kompletten System fir Link-Lëschten ze verwalten. Dëse System erlaabt:
-  dës Lëschten an Rubriken ze gruppéieren (an déi sëlwecht Rubriken wéi d’Artikelen, oder an spezifësch Rubriken sou wéi an engem Annuaire);
-  all Site e Logo ze ginn;
-  Schlësselwieder bei d’Siten derbäi ze ginn;
-  eng Beschreiwung vun all Site unzeginn.

Dir kënnt och (fir déi Siten déi dat erlaben) automatësch déi läscht veröffentlëcht Artikelen lueden (kuckt bei "<a href="./?exec=aide_index&aide=rubsyn" target="_top">Déi syndiquéiert Siten").

E neien Site refenrenzéieren

De Link "E Site referenzéieren" an all Rubrik erlaabt e neien Site ze referenzéieren.

Bei der "traditionneller" Method gitt dir de Numm vum Site, d’URL vun der Säit an eng Beschreiwung an. Ët ass och méiglech d’Rubrik ze wielen wou de referenzéierten Site soll hin kommen.

E Blok ënnen op der Säit erlaabt Iech eventuell den Inhalt ze syndiquéieren. Fir méi Informatiounen kuckt d’Erklärung iwer <a href="./?exec=aide_index&aide=rubsyn" target="_top">déi syndiquéiert Siten. Fir eng einfach Referenz, loost d’Optioun "Keng Syndicatioun".

Automatëscht Referenzéieren

Wann dir e Site referenzéiert erschéngt eng Box fir automatësch ze referenzéieren, ouni den Titel an d’Beschreiwung unzeginn. Et geet duer d’URL vun der Säit anzeginn vir de Site ze referenzéieren an ze validéieren. Souwäit ët méiglech ass versicht SPIP automatësch den Titel an d’Beschreiwung vum Site ze kréien. Duerno kënnt dir déi Informatiounen nach änneren.

Wien kann Siten referenzéieren?

Op der Säit "Astellen vum Site" kënne d’Administrateuren uginn ob nëmmen d’Administrateuren, oder d’Redaktoren, oder souguer d’Visiteuren Siten referenzéieren kënnen (am läschten Fall erlaabt e Formulaire um öffentlëchen Site den Visiteuren hier Siten ze proposéieren).

Ob jidfer Fall kënnen nëmmen d’Administrateuren d’Viirschléi validéieren. Wann e Site proposéiert ass, kënnen all d’Mataarbechter vum privaten Deel am Forum vun all Site doriwer diskutéieren.

rubsyn/Syndiquéiert Siten

Syndiquéiert Siten

Siten déi mat Content Management Systemer (wéi SPIP oder phpNuke) fonktionnéieren kënnen e Fichier mat den néitsten Publikatiounen bereed stellen. Duerfir gëtt ët e standardiséierten Format, mam Numm "Backend-Fichier". Dëser Fichier kann automatësch analyséiert ginn an d’Lëscht mat den Neiegkeeten gelies ginn. Sou kann SPIP är läscht publizéiert Artikelen op aneren Siten annoncéieren.

Fir all referenzéierten Site an ären Rubriken kënnt dir uginn dat d’Lëscht mat den läschten Artikelen vun dësem Site soll eriwergezunn ginn. Dat geet natiirlech nëmmen wann dee Site esou een Backend-Fichier ubidd.

-  Wéi fënnt een dës de Fichier "backend.php3"?

Siten ënner SPIP oder phpNuke hunn de Backend-Fichier an dem Root-Dossier mam Numm "backend.php3" oder "backend.php". Z.B. fir de Site uZine (http://www.minirezo.net/) ass d’Adress vum Backend-Fichier:

  • http://www.minirezo.net/backend.php3
  • Aner Beispiller vu Backend-Fichier’en:

  • http://www.davduf.net/backend.php
  • http://www.vacarme.eu.org/backend.php3
  • http://www.vakooler.com/backend.php3
  • De Site L’autre portail bidd esou Fichier un fir d’Siten déi hien referenzéiert, och wann déi Siten keen eegenen Backend-System hunn. Dir fannt op där Säit ongeféier 30 Backend-Fichier’en déi vum Site L’autre portail referenzéiert sinn, an e puer thematësch Fichieren.

    -  E syndiquéierten Site an ären System derbäi maachen

    Wann dir e Site referenzéiert kënnt dir, ausser dem Numm vum Site, senger URL a senger Beschreiwung, hien och syndiquéieren (e syndiquéierten Site ass also e referenzéierten Site fir deen dir gefroot hut d’Lëscht vun de läschten Publikatiounen ze kréien).

    Wielt duerfir d’Option "Syndicatioun" a gitt d’Adress vun sengem Backend-Fichier un. No der Validatioun weist e Message Iech op d’Syndicatioun richteg fonktionnéiert huet.

    Wann d’Syndicatioun nët geet:
    -  kontrolléiert d’URL déi dir uginn hutt;
    -  kontrolléiert op de Site deen dir wëllt syndiquéieren iwerhapt online ass.

    -  Automatëscht Referenzéieren

    D’Fonktioun vum automatëschen Referenzéieren vun engem Site (nëmmen d’URL aginn, SPIP lued déi néideg Informatiounen sëlwer) ass besonnësch ubruecht bei syndiquéierten Siten. Amplaaz d’URL vun der Startsäit unzeginn, gitt d’URL vum Backend-Fichier un: SPIP kritt automatësch e ganzen Koup vun Informatiounen a syndiquéiert de Site automatësch.

    -  Déi syndiquéiert Artikelen

    Wann d’Syndicatioun fonctionnéiert weist SPIP d’Lëscht vun deenen läschten Artikelen vun dësem Site. Kuckt an der Hëllef vun der <a href="./?exec=aide_index&aide=artsyn" target="_top">Gestioun vun de Linken.

    -  De Backend-Fichier vun ärem eegene Site

    SPIP mëcht automatësch e Backend-Fichier op ären eegene Site. Vergiesst awer nët, d’Parameteren wéi de Numm an d’Adress vun ärem Site op der Säit Astellen vum Site unzeginn.

    artsyn/Syndiquéiert Artikelen

    Déi syndiquéiert Artikelen

    Wann dir d’Syndicatioun vun engem Site frot weist SPIP d’Lëscht vun deenen vir d’Läscht um Site publizéierten Artikelen mat der Mentioun "Syndiquéiert Artikelen vun dësem Site".

    Fir all Artikel weist SPIP:
    -  den Titel vum Artikel (dir kënnt drop klicken fir den Artikel um Original-Site ze gesinn);
    -  eventuell d’Auteuren vum Artikel;
    -  eventuell eng Beschreiwung vum Artikel.

    Dës Informatiounen kommen automatësch vum referenzéierten Site a kënnen nët geännert ginn.

    Fir all Artikel gëtt ët e Knäppchen "Link blockéieren" fir d’Publikatioun op ärem eegene Site ze blockéieren (wëll een Artikel Iech nët gefällt, wëll e Fehler de richtege Link verhënnert...). Dir kënnt zu all Moment d’Uweisen vun ëngem Artikel op ärem Site erëm zouloossen.

    Et ass méiglech fir all déi nei Linken aus engem Site à priori ze blockéieren. D’Artikelen ginn dann nëmmen ugewisen wann dir së een nom aneren validéiert.

    confhttpproxy/E Proxy benotzen

    En HTTP-Proxy benotzen

    Wann äre Site hannert engem Firewall ass, kann ët néideg sinn e Proxy anzestellen, fir kënnen op den Internet d’Neiegkeeten vun de syndiquéierten Siten sichen ze goën.

    Dëse Proxy muss en Accès no baussen ouni iergend eng Authentifikatioun erlaben.

    Gidd an der Astellung vun ärem Site (Sektioun Fortgeschratten Fonktiounen) de Proxy mat dësem Format an:

    http://nummvumproxy:port/

    wou nummvumproxy de Numm vum Server ass deen als Proxy fonktionnéiert, a port d’Nummer vum TCP-Port (meeschtens 3128, 8080 oder 80) op déi d’Query sollen goën.

    Opgepasst: dëst ass eng global Astellung: SPIP geet all déi syndiquéiert Siten duerch dëse Proxy sichen. Wann dir méi eng präzis Astellung braucht, da wend Iech un den Administrateur vun ärem Réseau.

    Déi intern Messgerie

    messut/ D’Message tëschent de Benotzer

    D’Messagen tëschent de Benotzer

    SPIP erlaabt Messagen tëschent de Benotzer vum Site ouni iwert den Email ze fueren.

    Wann e Message un een oder méi Benotzer "geschéckt" gëtt, gëtt dat e privaten Forum. Wann de Message geschéckt ass kann eng Discussioun entstoën ënnert der Form vun engem Forum ënnert dem Text vum Message. Am SPIP kann een also e Message als e privaten Forum unhuelen (dat heescht, ët brauch een nët e Koup Messagen ze schécken, ët geet duer wann een am sëlwechten Message mat sengem Partner bleiwt fir ze diskutéieren).

    N.B.: D’Messagen tëschent den Benotzer an de Forum’en sinn privat, SPIP huet keen Interface wou d’Administrateuren déi Messagen kinnten gesinn. Mais dës Vertraulëchkeet ass relativ: en Administrateur kann mat deem richtegen Geschiir direkt un d’Datebank erugoën an d’Messagen liesen.

    -  E(ng) Message/Diksussion derbäi ginn

    Déi einfachst Method ass op de gréngen Logo ze klicken (e kléngen "M" mat engem Dräieck), deen niewend dem Numm vun dem Destinataire steht. Dat mëcht direkt e neien Message op.

    Déi zweet Method ass op de Knäppchen "Neien Message" ze klicken deen op all Säit vu SPIP ass. Dat gëtt e neien Message ouni Destinataire. Ier de Message ka geschéckt ginn musst dir natiirlech uginn wou e soll hin goen.

    Den Interface vun de Messagen ass ganz einfach.

    Deen eenzegen heefëgen Fehler ass ze vergiessen de Message ze schécken: sou laang wéi de Message "an der Redaktioun" ass kann nëmmen säin Auteur dru kommen. E muss also geschéckt ginn fir dat d’Destinatairen e gesinn (opgepasst: wann e geschéckt ass kann e nët méi geännert ginn).

    -  Destinataire derbäi ginn / läschen

    Zu all Moment kënnt dir en Destinataire derbäi ginn: wärend der Redaktioun vum Message, oder wann e schon geschéckt ass (z.B. fir e Neien an eng Diskussioun an engem Forum anzeschreiwen).

    Selwëcht kënnt dir zu all Moment eng Persoun läschen. De Knäppchen "Nëtt méi un der Diskussioun deelhuelen" erlaabt Iech Iech selwer vun der Diskussioun auszeschléissen.

    -  E Rendez-vous fixéieren

    All Message kann an e Rendez-vous geännert ginn: e gëtt un en Datum gebonnen an am Kalenner vu SPIP gewisen.

    -  Kann een un irgendeen Benotzer vum Site schreiwen?

    Verschidden Redaktoren kënnen nët erreecht ginn (si sinn nët an der Lëscht "Mataarbechter derbäi ginn", an hieren Numm huet keen Logo vun der Messagerie):
    -  déi Redaktoren hunn décidéiert déi intern Messagerie nët ze benotzen;
    -  déi Redaktoren déi sech 15 Deeg laang nët am privaten Deel ugemeld hunn kënnen esou nët erreecht ginn (fir si ass ët besser de normalen Email ze benotzen).

    messpense/ D’Notizen

    D’Notizen

    Eng Notiz ass selwëcht wéi e Message, mais ouni Destinataire. Nëmmen säin Auteur gesäit se.

    Wéi säin Numm ët seet, ass eng Notiz duerfir do fir eppes ze verhaalen.

    -  Eng Notiz an de Kalenner schreiwen

    Dat einfachst bei der Notiz ass hier en Datum ze ginn. Esou gëtt säin Auteur bis zum Datum (plus 24 Stonnen duerno) drun erënnert, an si ass am Kalenner vu SPIP.

    N.B.: Grad wéi d’Messagen, d’Notizen sinn nëmmen relativ vertraulëch. SPIP huet keng Méiglechkeet fir dat d’Administrateuren se kinnten gesinn, mais aner Methoden erlaaben direkten Zougrëff op d’Datebank wou een së kann liesen.

    messcalen/De Kalenner

    De Kalenner

    De Kalenner vu SPIP huet zwou Zorten vun Informatiounen:

    -  Informatiounen iwert den ganzen Site; et sinn d’Artikelen an d’Kuurzmeldungen - sou kann een d’Artikelen no dem Publikatiouns-Datum erëm fannen;

    -  Privat Informatiounen; Messagen tëschent de Benotzer a Notizen mat engem "Rendez-vous"-Datum. Sou kann de Kalenner Rendez-vous’en erënneren.

    All Dag vum Kalenner huet e kléngen bloën Logo: dëse Logo ka benotzt ginn fir eng Notiz mat deem Datum ze schreiwen (d’Zäit vum Rendez-vous kann bei der Editioun vun der Notiz agestallt ginn).

    messconf/Perséinlëch Astellung vun der Messagerie

    Perséinlëch Astellung vun der interner Messagerie

    All Benotzer vum Site kann perséinlech astellen wéi hien déi intern Messagerie wëllt benotzen.

    N.B.: D’Administrateuren kënne décidéieren keng Messagerie um Site ze benotzen.

    -  Keng intern Messagerie benotzen

    Wann déi intern Messagerie fir de ganzen Site op ass (Optioun fir d’Administrateuren), kann all Benotzer individuell décidéieren fir se nët ze benotzen (hien wëllt keng Messagen mat aner Benotzer op dës Method austauschen).

    -  Nët op d’Lëscht vun de Redaktoren kommen

    Wann dës Optioun do ass (Choix vun den Administrateuren) a wann hien déi intern Messagerie benotzt, kann de Redaktor décidéieren nët op d’Lëscht vun den ugemelten Redaktoren ze kommen..

    Dës Fonktioun weist d’Lëscht vun den ugemelten Redaktoren "en temps réel", fir eng séier Diskussioun tëschent Mataarbechter. Verschidden Benotzer fannen dass dës Fonktioun zevill intim ass an/oder wëllen nët gestéiert ginn wann si online sinn. Ët geet dann duer dës Optioun auszeschalten: si sinn nët méi op der Lëscht a kréien och déi ugemelten Redaktoren nët méi gewisen.

    N.B.: Wann en Administrateur décidéiert nët méi op der Lëscht ze sinn, gesäit hien trotzdeem d’Lëscht: hien "gesäit" déi aner, mais déi aner "gesinn" hien nët.

    Suivi vun de Forum’en

    suiviforum/Suivi vun de Forum’en

    De Suivi vun de Forum’en

    D’Säit mam Suivi vun de Forum’en ass wichteg wann dir öffentlëch Forum’en op ärem Site erlaabt (kuckt d’Dokumentatioun iwert <a href="./?exec=aide_index&aide=confforums" target="_top">d’Astellen vun den öffentlëchen Forum’en). Do gëtt d’Moderatioun gemaach.

    -  Messagen weisen

    D’Messagen ginn nët no Hierarchie gewisen (nët no thread), mais een no deem aneren, ëmgedréint chronologësch (déi nei uewen). All Message huet de Numm vum Artikel op deen hien sëch bezitt.

    -  E Message läschen

    Déi Haapt-Fonktioun ass Beiträg läschen. Opgepasst: dës Operatioun ass definitiv. E geläschten Message ka nët méi nei publizéiert ginn. E gëtt awer nët komplett aus der Datebank geläscht: hien bleiwt op dëser Säit roud agerummt, mat séngem Datum an der IP-Adress um Expéditeur.

    -  Wann dir är Forum’en mat "Moderatioun à priori" agestall hutt, da sinn déi Messagen déi waarden giel agerummt an hunn zwee Knäppercher: Dëse Message läschen an Dëse Message validéieren.

    Astellen vum Site

    confnom/Numm an Adress vum Site

    Numm an Adress vum Site

    De Numm an d’Adress (URL) vun ärem Site gi benotzt fir de "backend.php3"-Fichier deen d’Syndicatioun vun ärem Site erméiglecht (d’Uweisen op engem externen Site vun den läschten publizéierten Artikelen).

    D’Adress vun ärem Site soll déi vum Dossier vun der Startsäit sinn, a nët déi vum HTML-Fichier; si soll mat engem "/" ophalen. Wann d’Adress vun ärer Startsäit:

    http://www.site.lu/index.html,

    ass, da muss d’URL esou uginn ginn:

    http://www.site.lu/

    confart/Inhalt vun den Artikelen

    Inhalt vun den Artikelen

    D’Artikelen bestinn aus enger Unzuël vun Elementer: dem Titel, dem Iwertitel, dem Ënnertitel, der Beschreiwung, dem Chapeau, engem Post-Scriptum... Verschidden Siten brauchen nët all dës Elementer: d’Redaktoren benotzen së nët, oder de graphëschen Interface weist déi Elementer nët.

    Fir den Interface ze vereinfachen an/oder ze verhënneren dass d’Redaktoren verschidden Elementer benotzen déi de Webmaser nët wëllt, kann een op der Säit "Inhalt vum Site" dës Elementer ausschalten.

    N.B. Et ass wichteg ze verstoën dat, am Géigesatz vum Choix vum einfachen Interface / kompletten Interface, deen nëmmen den Interface vun engem Benotzer betrëfft, de Choix vun dësen Optiounen all d’Benotzer beaflosst. Wann dir den Iwertitel ausschalt, kann keen Redaktor a keen Administrateur méi en Iwertitel an sengen Artikelen benotzen.

    Den Interface passt sech den Optiounen un. Wann dir d’Schlësselwieder z.B. ausschalt, verschwënnt den Knäppchen aus der Navigatioun.

    confdates/Post-datéiert Artikelen

    Publikatioun vu post-datéierten Artikelen

    D’Administrateuren hun d’Méiglëchkeet den Publikatiouns-Datum vun engem Artikel ze änneren (wann en am "publizéierten" Zoustand ass).

    Wéi soll SPIP sëch behuelen wann dësen Datum op en Datum an der Zukunft gesat gëtt? Sollen all d’Artikelen, egal wéi en Datum (mat dem Risiko dat en Artikel 31. Mee 2001 ugëtt wann een eréischt den 21. Mee ass) publizéiert dinn, oder soll SPIP den Datum ofwaarden (hei den 31. Mee) ier den Artikel um öffentlëchen Site sichtbar gëtt?

    -  Des Fonktioun erlabt d’Publikatioun vun enger Rei Artikelen am Viraus. Prakteschen Fall: de Webmaster ass fir e Mount an der Vakanz; hien huet schon e puer Artikelen geschriwen, hien kann se am privaten Deel an den Zoustand "publizéiert" setzen an hir Publikatiouns-Datumen iwert seng Vakanz verdeelen. Am Plazt e Paack vun Artikelen mateneen ze publizéieren, weist den Site regelméissez "nei" Artikelen obwuel den Auteur guer nët do ass.

    -  E Science-Fiction-Site deen eng Mars-Chronik publizéiert huet Intérêt dës Fonktioun auszeschalten, ausser e wëllt op d’Joër 2030 waarden. Sëlwecht Remarque fir eng Zeitung wou d’Abrël-Nummer den 20. März publizéiert gëtt.

    confforums/Fonktioun vun de Forum’en

    Fonktioun vun den öffentlëchen Forum’en

    Wéi een öffentlëch Forum’en géréiert hänkt vum Webmaster of, a vun den Besoin’en vum Site. Verschidden Webmaster’en wëllen kee Forum, anerer wëllen Forum’en mat fräiem Zougang, anerer wëllen d’Messagen à priori modéréieren, se also nëmmen publizéieren wann se fir d’éischt vun engem Administrateur validéiert goufen.

    SPIP erlaabt de Fonktionnement vun den öffentlëchen Forum’en anzestellen (déi intern Forum’en sinn ëmmer op fir all d’Redaktoren, an à postériori moderéiert).

    -  Öffentlëch Forum’en ausschalten

    Wann d’Forum’en ausgeschalt sinn verschwënnt den Interface fir Beiträg ze schécken, an déi al Beiträg ginn nët méi gewisen (si ginn nët aus der Datebank geläscht, mais d’Uweisen ass ënnerbrach). Dës Optioun blockéiert de Fonktionnement, och wann an de Säiten (Skeletter) Forum’en virgesinn sinn.

    Dir kënnt dat ëmmer ausschalten (de Site huet ni e Forum), oder zäitweileg (d’Aktivitéit ënnerbriechen fir verrëckten Spammer’en ze berouëgen... oder wann dir ären Site op een aneren Server plënnert).

    -  Moderéiert Forum’en - à postériori

    Wann d’Forum’en à postériori moderéiert sinn, dann ginn d’Beiträg direkt gewisen. Dir kënnt duerno d’Säit vum Suivi vun de Forum’en benotzen fir méi oder wéineger streng d’Messagen ze moderéieren. D’Moderatioun a posteriori ass den Default vu SPIP.

    -  Moderéiert Forum’en - à priori

    Wann d’Forum’en à priori moderéiert ginn, ginn d’Beiträg gespäichert awer nët gewisen. D’Administrateuren mussen d’Säit Suivi vun de Forum’en benotzen fir all Message ze validéieren (oder ze refuséieren).

    -  Forum’en op Abonnement

    Wann d’Forum’en op Abonnement sinn, da mussen d’Benotzer sech mat hirer Email-Adress aschreiwen. Si kréien dann hier Identifikatioun per Email geschéckt. fir d’Redaktoren déi schon Zougang zum privaten Deel hun korrepondéiert dat zu hirer normaler Identifikatioun.

    Dëse Modus ass e Kompromi tëschent der Responsabilisatioun (d’Benotzer mussen eng valabel Email-Adress uginn) an dem Fehlen vun enger Moderatioun à priri (eng Kéier ageschriwen kënnen si hier Beiträg direkt online setzen).

    Dëse Modus erlaabt och Benotzer déi de System géngen abuséieren, auszeschléissen (black-list). Wann dir e Beitrag läscht (via d’Säit "Suivi vun de Forum’en") deen am Modus "op Abonnement" geschriwen gouf, dann hutt dir Zougang zu der (vereinfachter) Fiche vum Auteur. Dir kënnt dann einfach den Auteur "an Dreckskëscht" setzen: seng Identifikatioun fonktionnéiert nët méi an hien kann mat dëser Email-Adress keng nei méi kréien.

    Opgepasst: De Modus "Forum op Abonnement" setzt Viraus dat ären Provider erlaabt automatësch Email’en ze schécken. Wann dat nët de Fall ass, sicht Iech e neien Provider ;-)

    confbreves/De Kuurzmeldungs-System

    Kuurzmeldungen aschalten/ausschalten

    Verschidden Siten benotzen d’Kuurzmeldungen nët, des kuurz Artikelen ouni Auteur. Et kann och viirkommen dat de Webmaster se nët an der Navigatioun vum öffentlëchen Site viirgesinn huet.

    An deem Fall kënnt dir se einfach ausschalten. D’Redaktoren kënnen keng méi derbäi ginn. Den Interface gëtt méi einfach.

    confmessagerie/Intern Messagerie

    Intern Messagerie

    SPIP huet eng intern Messagerie (eng Rubrik vun dëser Dokumentatioun beschäftegt sëch mat den Messagen tëschent de Benotzer, mat den Notizen a mat dem Kalenner).

    Dir kënnt entscheeden ob dir dëse System ganz oder nëmmen deelweis benotzen wëllt.

    -  Intern Messagerie aschalten/ausschalten

    Eng Ursaach fir d’Messagerie auszeschalten ass dat së Plaatz an der Datebank brauch: d’Messagen (z.B. d’Forum’en bei den Artikelen) ginn an der Datebank gespäichert a benotzen esou Plaatz bei ärem Provider. Déi intern Messagerie mëcht der Maschinn vum Provider och méi Aarbecht (Datebank ufroën): op klënge Maschinnen (an/oder luesen Maschinnen) sollt dir d’Messagerie ausschalten.

    -  Lëscht vun den ugemëlten Redaktoren aschalten/ausschalten

    Wann dir dës Fonktioun aschalt gesidd dir andauernd d’Lëscht vun den ugemelten Benotzer. Dat vereinfacht d’Messagen tëschent de Benotzer.

    Dës Fonktioun provozéiert och méi Ufroën un d’Datebank; op enger schwaacher Maschinn, schalt ët aus. Verschidden Benotzer fannen och dat dës Fonktioun hier Privat-Sphäre verletzt.

    N.B.: Wann dir dëst global aschalt, kann nach all Benotzer dës Fonktiounen fir sëch sëlwer ausschalten. Esou kann e Benotzer deen dat zevill indiskret fënnt dës Fonktioun fir sëch ausschalten.

    confstat/Statistik vun de Visiten

    D’Statistik vun de Visiten

    SPIP huet e System deen erlaabt d’Zuel vun de Visiten vum Site a fir all Artikel ze späicheren. Dir gesidd och wéi eng aner Siten Visiteuren bei Iech geschéckt hunn an op wéi een Artikel.

    -  D’Zuel vun de Visiten

    SPIP identifiéiert all Dag déi "identifiéiert" Visiteuren op Basis vun hierer IP-Adress. Dëse System ass séier an relativ korrekt (ët ass eng relativ korrekt Estimatioun vun der Zuel vun de Visiteuren, a nët d’Zuel vun den "Hits" oder "Säiten"; een deen e puer mol déi sëlwecht Säit kuckt gëtt nëmmen e mol als Visiteur gezielt).

    -  Direkt Visiten oder Referer’en

    Eng "direkt Visite" ass een deen vun engem aneren Site op är Startsäit oder en Artikel iwert e Link kënnt (deen Site gëtt als "Referer" gezielt).

    Fir de ganzen Site a fir all Artikel fannt dir d’Lëscht vun den "Referer’en" (d’Säiten déi e Link op ären Site hunn), zesummen mat der Zuel vun den "direkten Visiten" (Zuel vun de Visiteuren déi op dëse Link geklickt hunn).


    -  E "relativ" korrekten System

    E kompletten System fir den Traffik ze analyséieren brauch fill Puissance a Mémoire; de SPIP-System ass duerfir ganz vereinfacht fir dat hien sou séier wéi méiglech ass an esou mann wéi néideg Plaatz um Harddisk vum Server anhëllt. D’Zielen vun den "identifiéierten Visiteuren" baséiert op der IP vun all Dag, dat ass keng absolut präzis Method; si gëtt awer eng relativ korrekt Informatioun.

    Fir eng komplett Informatioun vum Traffik vum Site hutt dier besser e spezialiséierten Statistik-Programm ze benotzen.

    -  Eng Rechnung pro Dag

    De System rechent d’Zuel vun de Visiteuren a Referer’en all Dag (a nët an "Real-Time"). Verschidden Informatiounen schéngen duerfir nët koherent ze sinn, wëll d’Zuel vun de Visiten vum aktuellen Dag sinn nët derbäi; am Zweifelsfall ass déi spezifësch Säit mat der Statistik déi am glaubwürdegsten an déi am beschten détailléiert. D’Säit vun der Statistik vun engem Artikel ass nëmmen no engem Dag no der Publikatioun ze gesinn (d’Zuelen sinn virdrun nët bekannt, nach nët analyséiert).

    -  Statistik vun de Referer aschalten/ausschalten

    D’Zielen vun de "identifiéierten" Visiteuren hëllt am Prinzip nët vill Plaatz a nët vill Puissance. Also nëmmen fir ganz lues Serveren ausschalten.

    De System fir d’Refereren an d’direkt Visiten ass méi opwendëg. En ass also par défaut ausgeschalt. Dir sollt en nëmmen op Serveren ouni Puissance-Problemer aschalten (déi Serveren déi Problemer hunn laang Artikelen ze berechnen kënnen nët och nach d’Refereren rechnen).

    N.B. D’Plaatz um Harddisk an d’Rechenzäit ginn an d’Luucht wann dir méi Traffik um Site kritt. Wat e Site méi besicht gëtt, wat d’Aarbecht zouhëlt.

    confmails/Automatëscht Schécken vun Email’en

    Automatëscht Schécken vun Email’en

    D’Redaktoren an d’Administrateuren kënnen nët andauernd Zäit bei der Gestioun vum Site verléieren. Fir hier Aarbecht ze vereinfachen, kann de System Iech per Email iwert verschidden Evenementer informéieren...

    Opgepasst: verschidden Provider schalten d’automatëscht Verschécken vun Email aus. Wann dier an där Situatioun sidd, kënnen dës Optiounen nët aktivéiert ginn.

    -  Suivi vun de Messagen vun den öffentlëche Forum’en

    Fir den Auteur’en ze erméiglëchen, d’Diskussiounen iwert hier Artikelen ze verfolgen, kann dës Optioun dem Auteur vum Artikel all Message iwert säin Artikel schécken.

    Wann dës Optioun aktivéiert ass a wann e Message um öffentlëche Site iwert en Artikel geschriwen gëtt, kréin den oder d’Auteuren per Email den Text vum Forum-Message an d’URL vum Artikel; mat engem Klick kënnen si op d’Säit vum Artikel a kënnen eventuell äntwerten.

    -  Suivi vun der editorialer Aktivitéit vum Site

    Wann en Artikel proposéiert oder publizéiert gëtt, kann SPIP dat per Email matdeelen. Esou kréien d’Mataarbechter vum Site "en temps réel" wat um Site geschitt.

    Fir e kollaborativen Site (mat méi Redaktoren) ass ët ubrecht eng Mailing-Lëscht (ausserhalb vu SPIP) vun de Redaktoren anzeriichten op déi dës Messagen geschéckt ginn.

    -  Annonce vun de Neiegkeeten

    Dës Fonktioun vu SPIP erlaabt Email’en vum Typ "What’s New?": wann dir se aktivéiert, an nodem dir d’Zäit tëschent den Email’en agestallt hutt, gëtt regelméissez e Message mat den läschten Artikelen a Kuurzmeldungen geschéckt.

    D’Fonktioun ass ganz einfach: wann dir als Intervall 7 Deg ugitt, schéckt SPIP op déi Adress déi dir uginn hutt all 7 Deg d’Lëscht vun den Artikelen a Kuurzmeldungen déi déi läscht 7 Deg publizéiert goufen.

    De Knäppchen "Elo schécken" schéckt direkt de Message (a setzt e neien Intervall fir den nächsten Email).

    Dir kënnt dësen Mail op d’Adress vum Webmaster schécken (deen e weiderschéckt) oder wann dir wëllt dat de Site sëch sëlwer géréiert, op d’Lëscht vun den ugemelten Visiteuren (eng Mailing-Lëscht gëtt ët nët am SPIP).

    confmoteur/Integréierten Sich-Motor

    Sich-Motor aschalten/ausschalten

    SPIP huet e Sich-Motor. Wann deen ageschalt ass, analyséiert an indexéiert de System den Inhalt vun all den Artikelen. Dës Fonktiou erlaabt duerno extrem séier Sich-Resultater, brauch awer vill Puissance vum Server vun ärem Site. Wann de Provider lues ass, kann dat zu Problemer féieren.

    Duerfir kënnt dir den Indexatiouns-System an- an ausschalten.

    D’Daten vum Sich-Motor verdräifachen ongeféiert d’Plaatz déi d’Datebank brauch. Op luesen oder zevill "geluedenen" Systemer kann d’Performance erof goën, ët kënnen esou Fehlermeldungen kommen (Extrem-Fall).

    Am Prinzip, wann äre Site ze grouss ass, da benotzt nët den integréierten Sich-Motor, mais huelt e spezialiséiert Produkt, z.B. ht://Dig.

    Den Sich-Motor indexéiert nët alles mateneen. Wann dir en aktivéiert wann äre Site schon vill Artikelen huet, da musst dir ongeféier déi sëlwecht Zuel vun Visiten ofwaarden wéi äre Site Säiten huet bis de Motor à jour ass.

    Perséinlëchen Interface astellen

    intersimple/Einfache/Kompletten Interface

    Einfachen Interface / Kompletten Interface

    All Benotzer vu SPIP kann säin Affichage änneren (ouni den Affichage vun deenen aneren ze stéieren, nët wéi "d’Astellen vum Site".)

    Fill Fonktiounen ginn bal nët (oder guer nët) vu verschiddenen Redaktoren benotzt. Am Mode "einfachen Interface" ass manner ze gesinn an ët versteet een besser. An dësem Mode sinn nëmmen déi wiirklëch onverzichtbar Elementer ze gesinn. Z.B., wéineg Benotzer brauchen den "éischten Publikatiouns-Dateum", deen gesäit een also nët am "einfachen Interface".

    N.B. D’Ënnerscheeder sinn vill méi grouss fir d’Administrateuren, wëll si hunn vill méi Méiglechkeeten wéi d’Redaktoren vum Site.

    Fir dat d’Ännerungen gespäichert ginn, musst dir d’Cookien vun dem Site unhuelen.

    cookie/De Korrespondenz-Cookie

    Den Administratiouns-Cookie

    D’Administrateuren kënnen e Cookie aschalten deen méi Informatiounen um öffentlëchen Site uweist. Dës Informatiounen vereinfachen d’Gestioun vum Site.

    -  Dës Säit nei berechnen

    Op allen Säiten vum öffentlëchen Site erschéngt e Knäppchen "Dës Säit nei berechnen". SPIP schafft mat engem Cache, verschidden Ännerungen sinn nët direkt online. (D’Säiten vum öffentlëchen Site kommen nët direkt aus der Datebank: si ginn a regelméissegen Abstänn nei gerechent an am Cache gespäichert.)

    Eng Nei-Rechnung vun enger Säit provozéiert den Affichage vun der Säit a Funktioun vun deem wat an der Datebank dran ass, ouni op den nächsten Update vum Cache ze waarden.

    -  Änneren...

    D’Säiten vun den Artikelen a Kuurzmeldungen hun e Knäppchen "Dësen Artikel änneren" (oder "Rubrik"...). Deen Knäppchen weist direkt vum öffentlëchen Deel vum Site op dës Säit (oder Rubrik) am privaten Deel. E vereinfacht d’Korrektur vun Fehler déi dir online fonnt hutt, oder den Update vun den Elementer vum Site.

    -  Visiten

    Wann déi integréiert Statistik ageschalt ass, hunn d’Säiten nach dës Informatiounen: Zuel vun de Visiten (Estimatioun) an Zuel vun de verschiddenen Referer’en.

    D’Referer’en sinn Linken op dësen Artikel vun baussend dem Site hier (dat heescht: wann en aneren Site e Link op dësen Artikel mëcht, oder wann d’Adress vun dësem Artikel per Email matgedeelt gouf).

    -  Identifikatioun bei der Umeldung

    Den Admin-Cookie erlaabt SPIP och äre Browser ze erkennen wann dir Iech erëm umeld: dir braucht nëmmen méi ärt Passwuert anzeginn fir an de privaten Deel ze kommen.

    (N.B.: Wann d’Umeldung per Cookie fonktionnéiert - dat ass an deenen meeschten Fäll - gët de Cookie gesaat esou bal dir am privaten Deel sidd.)

    deconnect/Sëch ofmelden

    Sëch ofmelden

    De Knäppchen "Sëch ofmelden" läscht är Umeldung am privaten Deel vum Site. Wann dir dat maacht "vergësst" de System är Identifikatioun déi dir aginn hutt fir an de privaten Deel eran ze kommen; SPIP proposéiert Iech dann dës Informatiounen erëm anzeginn oder op den öffentlëchen Deel vum Site ze goën.

    Den Intérêt vun dëser Fonktioun ass aneren, déi är Maschinn benotzen, ze verbidden un de privaten Deel ze kommen andeem se är Identifikatioun ausnotzen.

    -  Dir schafft vun doheem a sidd den eenzegen op ärem Computer

    An deem Fall schéngt ofmelden iwerflësseg ze sinn wann dir färdeg sidd. Ët gëtt natiirlëch ugeroden, mais wann dir ët vergiesst, ass dat nët schlëmm.

    -  Dir schafft um privaten Deel vun enger Maschinn mat e puer Benotzer (Maschinn op der Aarbecht, an engem Cyber-Café...)

    An deem Fall ass ët staark ugeroden Iech systematësch mat dëser Fonktioun ofzemelden wann dir färdeg sidd. Sou kann déi nächst Persoun déi no Iech kënnt ären privaten Deel nët méi benotzen.

    -  E puer Identifikatiounen um sëlwechten Site benotzen

    Verschidden Benotzer mussen sech kënnen ënner e puer Identifikatiounen umelden. An deem Fall, wann si sech ofmelden, kënnen si sech direkt erëm mat den neien Informatiounen umelden.